E Freideg de Moie war d'Ministesch fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Gewalt am Stot ass zejoert hei am Land ëm 11% geklomme, mä ass net exponentiell eropgaange wéi am Ausland. Dat well déi zoustänneg Servicer proaktiv reagéiert hunn an och wärend dem Confinement gutt weider fonctionéiert hätten. D'Büroe wieren opbliwwen, d'Consultatioune weider gelaf an d'Leit weider begleet, souwuel d'Affer wéi d'Täter. An och d'Zesummenaarbecht mat de Partner an de Gemenge wier ganz gutt gewiescht. Dat sot d'Ministesch fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer Taina Bofferding e Freideg de Mueren am RTL-Interview.
Et hätt ee keen am Reen stoe gelooss. Et wären eng ganz Rei Mesurë mat der Pandemie ëmgesat ginn. Wann d'Foyeren zum Beispill eemol komplett zou waren, da goufen d'Leit an Hoteller ënnerbruecht. Ganz wichteg wier och de Monitoring gewiescht, deen een agefouert hätt, wou een all Woch d'Zuele gekuckt hätt, fir d'Situatioun am Aen ze behalen. Donieft hätt ee vill Annoncë geschalt – am Print wéi an de soziale Medien – fir de Leit ze weisen, dass se haislech Gewalt net missten erdroen. Och d'Gesetzgebung hätt weider fonctionéiert. Et wäre jo mam Etat de crise vill Gesetzer ausser Kraaft gesat ginn, ma et hätt een opgepasst, fir de System vun den sougenannte Wegweisungen bäizebehalen.

Wéi eng juristesch Prozedure bei haislecher Gewalt?

Fir d'éischt géing d'Police op d'Plaz kommen. Wann da genuch Indicen géinge virleien, dass déi physesch Integritéit vun enger Persoun a Gefor ass, da gëtt de Parquet ageschalt an et gëtt gekuckt op eng Wegweisung Sënn mécht. Wann dat de Fall ass, da muss den Täter déi gemeinsam Wunneng verloosse fir 14 Deeg, an dat kéint bis zu 3 Méint verlängert ginn. Wärend der Zäit dierf den Täter och kee Kontakt mam Affer ophuelen an dierf natierlech och net an déi gemeinsam Wunneng goen.

Am Confinement hunn d'Noperen méi dacks wéi soss d'Police geruff
943 Interventioune wéinst haislecher Gewalt goufen et zejoert. Wéi héich d'Donkelziffer wier, wier awer schwéier anzeschätzen, sou d'Taina Boffering. Wat een awer gesinn hätt, wier dass d'Consultatiounen an de Berodungszenteren an d'Luucht gaange wieren an dat léich natierlech och un de Spannungen déi an de Familljen duerch de Confinement entstane sinn.
Et hätten also vill méi Leit wéi soss Hëllef gesicht an dat hätt d'Statistik natierlech an d'Luucht gedriwwen, mee dat wär jo och dat wat een gewollt hätt, confirméiert d'Invitée. Och den Site www.violence.lu wär wesentlech méi dacks opgeruff ginn.
En anere Constat, deen ee wärend dem Confinement gemaach hätt, wier dass vill méi dacks och d'Noperen d'Police geruff hätten. An dat wier och dat, wat ee géing wëllen, nämlech dass den Entourage och opmierksam ass an hëlleft an net just nokuckt. Dat wär och doduerch, dass vill méi Leit am Dag duerch den Télétravail oder eng Quarantain doheem waren, wéi soss.

Och mat den Täter muss geschafft ginn

Si géing dacks dofir kritiséiert ginn, ma et misst och méi mat den Täter geschafft ginn, sou d'Taina Bofferding. An engem Rapport vun 2019 gouf festgestallt, dass 54 Prozent vun den Täter Recidiviste sinn. Juristesch gekuckt ass een e Widderhuelungstäter, wa schonn op d'mannst 2x eng Wegweisung géint ee gesprach gouf, erkläert d'Ministesch.
18 Prozent vun de Wegweisungen zejoert wieren och duerch Recidivisten entstanen an dofir wier et wichteg, dass ee Suivi mat hinne gemaach gëtt.

Vill Etüden hätte gewisen, dass d'Aarbecht mat den Täter e wichtege Bestanddeel ass vum Afferschutz an dat wär hei am Land och e wichtegen Deel vun der Preventioun, präziséiert d'Invitée. Täter misste léieren hir Aggressiounen an de Grëff ze kréien an hiert Verhalen nohalteg ze änneren.  D'Gesetz géing virgesinn, dass de Service "Riicht Eraus“ Kontakt mam Täter ophëlt an dee misst dann och u sengem Verhale schaffen. Manner Täter géing nämlech och heesche manner Affer.

Kënnt geschwënn eng elektronesch Foussfessel?
D'Gesetz géint haislech Gewalt ass vun 2013 an dofir hätt een en interministerielle Grupp en place gesat, fir z'iwwerpréiwen ob et der Aktualitéit um Terrain nach Stand hält. Ee Punkt wieren och déi nei digital Forme vu Gewalt, wéi z.B. Cybermobbing, déi ee jo och ëmmer méi géing gesinn. Do wär fir d'éischt mol de Justizministère concernéiert, sou d'Ministesch. An et hätt ee sech och Gedanke gemaach, wéi een nach méi effikass kéint gi géint Widderhuelungstäter a wéi een d'prise en charge kéint verbesseren. D'Gesetz géing den Ament virgesinn, dass si misste Kontakt mam Service ophuelen an do géing sech d'Fro stellen, ob een net carrement eng Obligatioun misst draus maachen. Mä wann ee vun Obligatioun schwätzt, misst een och kucke wéi eng Sanktioun een hannendru géing hänken, erkläert d'Invitée.
E weidere Bestanddeel vun den Diskussioune wier d'Méiglechkeet, elektronesch Foussfessele fir Widderhuelungstäter hei am Land anzeféieren, wat awer schwiereg wier. Expulsioune wieren eng administrativ Sanktioun, do wier een nach net verurteelt, an elektronesch Bracelete géingen an d'exécution des peines falen. Do géing de Justizministère iwwerpréiwe wat méiglech Piste wären, fir quasi een automateschen Alarmsystem en place ze setzen. Nach virum Summer sollen d'Ministesch fir Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra Taina Bofferding, zesumme mat der Justizministesch Sam Tanson d'Conclusiounen aus dësem interministerielle Grupp presentéieren.

Invité vun der Redaktioun: Taina Bofferding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.