E Freideg de Moie war d'Deputéiert vun déi Lénk eis Invitée vun der Redaktioun.

Zanter dem 19. Mee sëtzt d'Myriam Cecchetti fir Déi Lénk an der Chamber. Si hätt vill Aarbecht, well hir Partei just zwee Deputéiert huet. Si wär permanente Member a 6 Kommissiounen an Observatrice an iwwer 9 Kommissiounen. Wéinst dem Rotatiounsprinzip vun Déi Lenk, goufen déi zwee Männer Marc Baum an David Wagner duerch zwou Fraen d'Myriam Cecchetti an d'Nathalie Oberweis ersat. Dat géif och eng aner Politik bedeiten. Si hätten allebéid Kanner an dofir och aner Perspektiven an aner Suergen. Doran léich keng Wäertung, sou eis Invitée, ma et wier wichteg och Fraen an der Chamber ze hunn. A besonnesch Frae mat klenge Kanner kéint een den Ament an der Chamber un enger Hand ofzielen.

Mobilitéit an Educatioun
Mobilitéit, respektiv den ëffentlechen Transport, wier ee vun hiren Haaptdossieren, sou d'Deputéiert Cecchetti. Do wieren d'Usätz vun der Regierung gutt, géifen awer net wäit genuch goen. An der Stad a ronderëm géif den ëffentlechen Transport gutt funktionéieren. Ma, am Norden zum Beispill wier et schonn eriwwer. Grad do, wou wunnen awer nach abordabel wier. Do dernieft misst den Accès op den ëffentlechen Transport fir handicapéiert Leit besser adaptéiert ginn.  
Eng weider Suerg vum Myriam Cecchetti ass d'Schoul. Do plädéiert Déi Lénk-Politikerin fir ee sougenannten „Tronc commun“, also dass Schüler bis 16 Joer zesumme bleiwen an net scho vun 12 Joer un an de Systemer getrennt ginn. Dat wier ze fréi, fir ze wësse wat ee wéilt maachen.

Léiwer Oppositiounspolitik, wéi faul Kompromësser
Regierungsverantwortung interesséiert d'Myriam Cecchetti den Ament net. Si wier prett fir Kompromësser- awer net faul Kompromësser ze maachen. Dofir géing eis Invitée hir Partei déi Lénk den Ament net a Regierungsverantwortung gesinn. Et wär nämlech keng Partei do, mat där ee kéint zesummeschaffen ouni faul Kompromësser missen ze maachen. Déi Lénk fuerderen eng sozial-ökologesch Wend, déi vill méi wäit misst goen. Dowéinst géif ee weider vun der Oppositiounsbänk aus Drock op d'Regierung maachen an et kéint een do och bei Klengegkeeten Akzenter setzen. Ëmmer nees géing ee Gesetzespropositioune maachen, déi dann zwar net géingen ugeholl ginn, ma hir Iddie géingen dann awer heiansdo iwwert een anere Wee erëmkommen. Kompromësser ze maachen. Dowéinst géif ee weider vun der Oppositiounsbänk aus Drock op d'Regierung maachen.

Invité vun der Redaktioun: Myriam Cecchetti

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.