E Méindeg de Moie war den Educatiounsminister eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Corona-Infektiounen an der Schoul ginn zeréck. Et wier een an enger Situatioun, déi gutt ze geréiere wier. Et misst een awer weider oppassen. Et hätt een jo och schonn eng Infektiounsketten duerch d'Delta-Variant zu Fréiseng an enger Schoul gehat.  Et wier also ze fréi ze soen, dass ee guer keng Protektioun a keng Schutzmoossname méi bräicht. Dat sot den Educatiounsminister e Méindeg de Mueren am RTL-Interview.

De Claude Meisch wënscht sech, datt een, no der Rentrée am September, gréisstendeels ouni Maskeflicht an de Klasse kéint funktionéieren. Vläicht just nach punktuell do, wou Infektiounen optauchen. Dat géing awer vun der gesamter sanitärer Situatioun ofhänken. Och duerch d'Impfe vun de Mineuren hofft een, datt d'Situatioun sech nach kéint verbesseren. Well elo dës Woch déi Mannerjäreg géingen un d'Rei kommen, vun 12-18 Joer, géing dat hien optimistesch stëmmen, dass een op d'mannst am Lycée d'nächst Schouljoer eng ganz aner Situatioun wäert hunn, sou eisen Invité.

No engem turbulente Corona-Schouljoer géing ee sech natierlech d'Fro stellen, wat hätt kënne besser lafen, ma den Avantage wier, dass ee mam Bilan net bis zum Schluss gewaart hätt, mä ëmmer nees punktuell nogebessert hätt, wann ee gesinn huet, dass et net méi géing goen. Zum Beispill wéi ee beim Tracing net méi nokomm ass, dunn hätt een eng méi grouss Ekipp op d'Been gestallt oder wéi d'Schüler an de Laboen net méi bäikoumen, hätt ee mobil Test-Ekippen an d'Schoule geschéckt. Wat awer méi wichteg wär, wär d'Fro wat een elo aus der ganzer Pandemie léiere kéint. Et hätt ee vill en place gesat, wéi dat digitaalt Léieren oder verschidde Kommunikatiounsplattformen, déi och no der Pandemie nach kéinten an den Asaz kommen. Do wär e breede Consultatiounsprozess mat all den Schoulpartner um lafen.


ADR mécht Politik um Réck vun de Schüler
D'ADR hat rezent kritiséiert, dass de Schoulsystem an de leschte Joren duerch ineffizient Reformen entgleist wier. Den Niveau wär gefall. Et misst ee sech nees méi op dat Wesentlecht konzentréieren: Rechnen, Liesen, Schreiwen a Culture Générale. D'ADR géing versichen um Bockel vun de Kanner Politik ze maachen. Et géing keen a Fro stellen, dass Liese Schreiwen a Rechne wichteg wier, mä hautdesdaags kéint de Computer dat besser wéi de Mënsch. E Kand, wat elo géing gebuer ginn an net virun 2040 op den Aarbechtsmarché kéim, misst nach ganz vill aner Kompetenzen hu wéi Kreativitéit, Schaffen an der Ekipp, komplex Situatiounen analyséieren a Kommunikatioun. Et kéint ee kee Kand fir d'Zukunft fit maache mat engem Schoulsystem aus de 60er Joren, sou den Educatiounsminister.

Et kann een d'Erwaardungen net ëmmer erfëllen
Allgemeng schneit de Claude Meisch am Politmonitor vun TNS-Ilres éischter schwaach of. Natierlech kéint hien dofir net behaapten, dat géing him guer näischt ausmaachen. Den Educatiounsminister géing schonn ëmmer kucke wat d'Erwaardungen un hie wieren a wou hie se net géing erfëllen. Do géing et natierlech Punkte ginn, wou hie wéisst, dass hien och alt mol falsch louch, mä hie wéisst och, dass d'Erwaardunge ganz ënnerschiddlech waren. All 6 Wochen hätt hien d'Gewerkschaften, d'Elteren-, d'Schüler- an d'Schoul-Vertriedunge gesinn an do hätt een apaart Ënnerscheeder gesinn. Et kéint een et net all Mënsch gerecht maachen, sou eisen Invité.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.