En Donneschdeg de Moie war den DP-Verkéiersschäffen eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir sinn un de Limitte vun eise Capacitéiten ukomm, mat 170.000 Gefierer, déi all Dag an d'Stad Lëtzebuerg era wëllen. Plus déi Autoen, déi tëscht de Quartiere fueren. Dowéinst musse mer ëmdenken, dat sot de Stater DP-Verkéiersschäffen Patrick Goldschmidt en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Méi motoriséierte Verkéier géif d’Stad net packen. Et misst ee multimodal denken. Den ëffentlechen Transport, de Vëlo an ze Fouss goe wieren Alternativen zum Individualtransport. Et wier och wichteg, datt déi Leit, déi vu baussent der Stad schaffe kommen, nach e besseren ëffentlechen Transport gebuede kréien. Nëmmen esou géife si op den Auto verzichten.

De Vëlo hätt och vill méi Plaz kritt an der Stad. „Säitdeem ech Mobilitéitsschäffe sinn, ass ganz vill fir de Vëlo gemaach ginn“, sot de Patrick Goldschmidt. Et ginn ëmmer Plazen, déi ee misst entschäerfen. Et géif och e Konsens ginn, datt den Individualverkéier keng Spuere bäikritt. Et wier awer net einfach... wann de Vëlo méi Plaz kritt, sinn Automobilisten dacks rosen an d’Cyclisten nawell net zefridden.

Vu senger Cheffin, der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, fillt de Patrick Goldschmidt sech ënnerstëtzt a si géif hie schaffe loossen.

Wat eng méiglech Successioun 2023 ugeet, huet hie sech bedeckt gehalen. Nach wär et ze fréi an d’Madamm Polfer wär „ganz gutt a Form“.

Den DP-Schäffen ass och zoustänneg fir d’Manifestatiounen, also d’Kiermessen an d'Schueberfouer. Op de Glacis kënnt dëst Joer en Ersatz zur Fouer. E Samschdeg an zwou Woche geet et lass, den 21. August, an dauert bis sonndes den 12. September.

De ganze Glacis gëtt genotzt, de grousse Glacis fir Spiller a Manègen, de klenge Glacis fir d’Restauratioun a Séissegkeeten. Bei der Restauratioun muss ee sëtzen an et gëllt de Covid-Check. Bei de Spiller muss een de Mask unhunn.

Et war eis wichteg als Schäfferot, datt mer am Summer eppes organiséiere fir déi Jonk,e sou de Patrick Goldschmidt. Si hätte mat am meeschten an der Pandemie gelidden. 20 Manègen kommen op de grousse Glacis, dorënner zwou Achterbunnen, eng éischte Kéier den „Olympia-Looping“ mat 5 Loopingen. E puer Manègë gëtt et fir déi kleng Kanner.

Spärstonn ass owes um 23 Auer. D’nächst Woch ginn et weider Detailer op enger Pressekonferenz.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.