En Donneschdeg de Moie war den neie Minister fir Aarbecht a Sport eisen Invité vun der Redaktioun.

Hie wëll e Minister sinn, no bei de Leit... nolauschteren... den Experten, mä och de Leit dobaussen. Hie wéilt och ëmmer de Bols fillen, wéi d’Politik dobaussen ukënnt, sot en Donneschdeg de Moien den neien LSAP-Aarbechts- a Sportminister Georges Engel. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Hien ass e Mëttwoch als neie Regierungsmember vereedegt ginn an huet d’Ressorte vum Dan Kersch iwwerholl. Als President vun der parlamentarescher Aarbechtskommissioun déi lescht 8 Joer géif hien eng gewëssen Erfarung matbrénge fir dee Posten. Et wieren zwee Ressorten, déi hien interesséieren. Dofir hätt en och "Jo" gesot. Déi nächst Chamberwale si schonn am Oktober d’nächst Joer. Dofir misst een direkt urappen, speziell, wann een nei Projete wéilt lancéieren.

Als Aarbechtsminister waart elo direkt de CovidCheck op der Schaff. Datt et Onsécherheete géif gi mam Aféiere vum 3G op der Aarbechtsplaz, kéint hie gutt verstoen. Wichteg wier awer, datt et en Accord mat de Sozialpartner gëtt an datt d’Sozialleeschtunge weider lafen a kee seng Aarbecht verléiert. Bei enger méiglecher Impfflicht ass de Georges Engel nach hin an hier gerappt. Mä och do soll kee seng Aarbecht kënne verléieren, seet hien. Dat däitscht Beispill, datt ee keng Pai méi kritt, wann een ongeimpft wéinst enger Infektioun a Quarantän muss, fënnt de fréieren LSAP-Fraktiounschef keng immens gutt Mesure. Do wier de Lëtzebuerger Modell awer méi sozial.

Den neie Minister huet iwwerdeems zouginn, datt hien d’Leit kéint verstoen, déi e bëssen den Iwwerbléck verluer hu mat all de Mesuren a wéi se ëmzesetze sinn. Dat wier zum Beispill am Sport, Zitat: effektiv net ëmmer sou "easy".

Invité vun der Redaktioun: Georges Engel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.