E Mëttwoch de Moie war den neie Bachelor fir Quereinsteiger am Enseignement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Deen éischte Quereinsteiger-System hu mer "zähneknirschend" matgedroen ënnert der Konditioun, datt sech eppes muss änneren. Dat war an de leschte 5 Joer awer net de Fall an elo féiere mer en zweete Quereinsteiger-System an a schafen "de facto" eng Zwouklassegesellschaft bannent der Schoul. Dat sot de Patrick Remakel de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun de Redaktioun. Hien ass de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP.

Den neie Quereinsteiger huet Avantagen am Verglach mam klassesche Studium

Den neie Quereinsteiger hätt Virdeeler, déi Leit mat der klassescher Enseignantsformatioun virun de Kapp géif stoussen. Hir Formatioun géif zu enger Zort "Einbahnstrooss" ginn. Mam neie System hätt een nämlech zwee Bacheloren an der Täsch, wat de Leit méi Flexibilitéit um Aarbechtsmarché géif ginn. Bei der neier Formatioun géif et awer u Praxis feelen.

Klassesch Ausbildung muss reforméiert an op Master-Niveau gehuewe ginn

Fir de Patrick Remakel wier et besser gewiescht, déi klassesch Ausbildung ze reforméieren an op Master-Niveau ze hiewen. En 3+2 doraus ze maachen. Sou hätt een och méi Méiglechkeeten, wann een eng Kéier wéilt berufflech eppes aneres maachen. De Gewerkschaftspresident wees, datt dat natierlech och mat Käschten a ville Sue verbonnen ass. E Master misst anescht bezuelt ginn. Mä et géing ëm d'Erzéiung vun eise Kanner goen. Wa Lëtzebuerg do net bereet wär, Suen an de Grapp ze huelen, fir d'Ausbildung nach méi performant ze maachen, wäre mer en aarmt Lëtzebuerg.

Minister huet verpasst, den Enseignantsberuff méi attraktiv ze maachen

D'Schoulhale misst generell fir den Enseignant nees d'Käraufgab sinn, mat manner administrative Chargen. Den Ament wier de Schoulmeeschterberuff net méi attraktiv genuch fir d'Studenten. 2018 hätt een eng Penurie festgestallt an dem Ministère och Tipps ginn, fir deem entgéintzewierken, zum Beispill eng Campagne ze maachen, mä et wier net gehandelt ginn.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Remakel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.