3 mol  am Joer organiséiert RTL zesummen mat der Adem en Jobdag. En Donneschdeg ass deen éischten fir dëst Joer. Awer genee sou wéi déi 2 lescht wäert et och de 04/02 zu enger Corona-Editioun kommen. Leider kënne mer eisen Jobcenter net wéi gewinnt an engem groussen Akafszenter organiséieren, dofir kënnt der all Stonn 2 Patronen hei um Radio héieren, déi hir fräi Plazen virstellen.
Op jobdag.lu fann dir den Detail iwwer all dës Plazen an och iwwer eis 9 Audio-CV'en déi mer Iech vun haut un virstellen.

01-02-2021 en Donneschdeg ass RTL Jobdag

Dat do waren 3 vun am ganzen 9 Kandidaten déi iwwer de Wee vun engem Audio-CV versichen e neien Patron ze fannen. Wann Dir Patron sidd an Iech ugesprach fillt, da gitt op jobdag.lu. A wann der och nach fräi Plazen hutt, dann annoncéiert déi och direkt op där selwechter Säit.
Den RTL Jobdag ass dësen Donneschdeg hei um Radio an um 06h40 gëtt et schonn déi éischt fräi Posten.