Wann een sech fir en Job interesséiert, ass et och ëmmer e bësschen domadder verbonnen, sech z'iwwerleeë wat ee besonnesch gutt kann, a woufir ee gemaach ass. Deen zweete Schratt ass et dann sech an e gutt Liicht ze stellen a Reklamm fir sech ze maachen. Am Virfeld vum Jobdag en Donneschdeg, de ganzen Dag hei op RTL, stelle mer Iech all Dag e puer Kandidaten vir, déi sech virun de Mikro trauen, fir dass si net iwwersinn oder iwwerhéiert ginn.

02-02-2021 Jobdag - 9 Kandidaten dé© op sech opmierksam maachen

Alles wat dir iwwer d'Kandidaten vun den Audio-CV'en wësse musst fann der op jobdag.lu. Do gesi der och wéi der se kontaktéiere kënnt. A wann dir nach eng Plaz z'annoncéieren hutt, da maacht dat och iwwer jobdag.lu, wëll do gëtt et e klenge Formulaire.
Den RTL Jobdag ass dësen Donneschdeg, an um 06h40 ass deen éischten Patron vun der Stonn schonn prett.