D'Sich no engem Job kann een schonn vergläichen mat där no engem Partner, well et verbréngt een jo a Wierklechkeet méi Zäit op der Aarbecht wéi Doheem, an dofir soll dat schonn passen. Mä wien soll den éischte Schratt maachen? Soll dat de Patron sinn deen eng Plaz ausschreift, oder kann do och emol e Kandidat deen op der Sich ass op sech opmierksam maachen.
7 Leit déi d'adem eis vermëttelt huet, trauen sech am Virfeld vum RTL Jobdag en Donneschdeg a maachen Reklamm fir sech, a weisen dass si am Moment um Aarbechtsmaart zur Verfügung stinn.

18/05/2021 RTL Jobdag: Wien mécht den éischte Schratt?