De Chômagetaux geet zwar kloer erof, awer nach sinn am leschte Mount 5,5% am Fall gewiescht an sinn op der Sich no enger fräier Plaz. Mam RTL Jobdag wëlle mer haut de ganzen Dag nees eppes derzou bäidroen dass méi Leit eng Aarbecht fannen, déi hinnen gefält an déi hëlleft hier eegen Suen ze verdéngen. Am RTL Jobcenter deen am Studio 11 ënnerbruecht ass wiesselen all Stonn Patronen sech of déi rekrutéieren. Si presentéieren fest Plazen oder haut och nees verstäerkt Léierplazen.

30/09/2021 RTL Jobdag: D'Agence Nationale pour l'information des Jeunes