
3x am Joer invitéiert RTL zesummen mat der adem d'Patronen an e groussen Akafszenter. An der Belle Etoile proposéieren en Donneschdeg vun 08h00 un, eng 80 Patronen e sëllegen Plazen déi ze besetze sinn. Eng grouss Chance fir esouvill Employeuren beieneen ze begéinen, Kontakter ze knäppen an e gudden Androck ze hannerloossen. 3 vun hinnen d'Ema, d'Frederica an de Laurent huet de Patrick Greis begéint.
Wann dir een vun dësen 3 Kandidaten als Patron ënnerstëtze wëllt, hiren Audio-CV fann der op jobdag.lu, an do gëtt et der nach 4 méi.
Do fann der de Moment awer och schonn bal 8.000 fräi Aarbechtsplazen. All Patronen, déi en Donneschdeg an der Belle Etoile present sinn an de Plang gëtt et schonn e Mëttwoch op jobdag.lu. De Rendez-vous mat 80 Patronen ass tëscht moies 8 an owes 18h00, dofir vergiesst ären CV net, well et ass déi Mega-Chance eng nei Schaff ze fannen.