"Ech liewen net fir ze schaffen, mee schaffe fir ze liewen". E Motto, deen di meescht vun eis direkt ënnerschreiwe géifen. D'Aarbecht geet awer vill besser vun Hand, wa se Freed mécht an d'Ambiance tëscht de Kollege stëmmt. D'Chancë fir de richtege Betrib ze fannen, stinn haut um RTL Jobdag net schlecht. Fir eis um Dill an der Belle-Etoile d'Raphaëlle Dickes an de Patrick Greis.

25/05/2023 RTL Jobdag: Schlesser, Coloriste, Verkeffer an Direktiounssekretär(in)

A kuerz no 14h siche mer ënner anerem Verkeefer, Chauffeuren, Patissieren, an e Finanzkontroller.