Speed-Dating, iwwer dee Wee kann een net just eng nei Léift fannen, mee heiansdo och en neie Patron. Um Jobdag an der Belle-Etoile hutt dir haut d'Geleenheet Iech bei zech verschiddene Betriber virzestellen. Si all rekrutéieren an hoffen op di rar Pärel. De Patrick Greis an d'Raphaëlle Dickes hunn och dës Stonn zwee Patronen un der Säit, déi astellen.

25/05/2023 RTL Jobdag: Mataarbechter fir eng Business-School an e Chef-Chocolatier

Géint 16h10 schlate mer nees bei den Jobdag an d'Belle-Etoile. Gesicht ginn eng ganz Rei Verkeefer an och d'Post sicht allerlee nei Mataarbechter.