Fir eise Réckbléck op de Mount Januar, musse mir eis zeréckversetzen an eng Zäit, wou Schnelltester nach ganz nei waren a bei Wäitem nach net genuch Vaccin fir jiddereen disponibel war. Maxime Gillen.

Joresréckbléck 2021: Januar / Rep. Maxime Gillen

De 5. Januar annoncéiert d‘Regierung, dass de Commerce erëm dierf opmaachen an d‘Kanner erëm an der Schoul sollen enseignéiert ginn. Ma de Couvre-feu bleift, wann och net méi vun 9, mä elo vun 11 Auer owes un. An och am private Beräich bleiwen eng ganz Rei Restriktioune bestoen.

Et wier en Ensembel u Mesuren, deen alles an allem relativ streng wier, esou d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert. D‘Leit hätte sech mat de gudden Zuele sécherlech erwaart, dass méi Restriktioune géifen opgehuewe ginn.

D‘Restauranten a Caféë musse bis op Weideres zou bleiwen, wat dem President vun der Horesca, Alain Rix, nawell ferm géint de Stréch geet.

„Et ass eng Katastroph. Ech komme mir vir, wéi an engem Bimbostheater a mir sinn d‘Hampelmänner. Mir ginn zougemaach, mir opgemaach. De 15., den éischten. Verschiddener ginn opgemaach. Firwat ginn déi opgemaach? Grad elo wou mir eng Situatioun hunn, déi kritesch ka gi mat de Vakanzen, wou d‘Schoulen erëm opginn. Fir mech wär et gewiescht, mir maachen dann alleguerten zou bis den 1. fir ze kucken, wou mir dru sinn. Well wann dat do elo virugeet, da kréie mir gesot den 1. kënne mir opmaachen an dann, Nee et geet nach net. A wa mir fäerdeg sinn, si mir bei der Fuesvakanz. Eis Leit sinn um Enn. Et geet net méi.“

Mëtt des Mounts ginn eng éischte Kéier eng 200 Leit aus dem Horeca-Secteur op d'Strooss fir op hir prekär Situatioun opmierksam ze maachen.

Ronn eng Woch méi spéit decidéiert d‘Regierung d‘Mesurë bis den 21. Februar ze verlängeren. D‘Restauranten bleiwen deemno weider zou.

Gläichzäiteg maachen d‘Kinoen hir Dieren erëm op an am Commerce ginn et Solden, wann och zwou Woche méi spéit wéi geplangt an ouni verkafsoppe Sonndeger.

Um Lampertsbierg geet den Impfzenter erëm op. Ma wéi vill Leit tatsächlech kënne geimpft ginn, hänkt dovun of, wéi séier een den Impfstoff erbäi kritt. Deen ass nämlech nach ëmmer knapp, esou den Haut-Commissaire à la protection nationale, Luc Feller.

„De Plang fir déi nächst Wochen hänkt dovun of wéi schnell mir d‘Vaccine kréien. Et ass ëmmer hannendrun d‘Fro: Kréie mir d‘Vaccinen? Esoubal mir déi schrëftlech Zouso hu vum Fabrikant, dass mir de Vaccin kréien, invitéiere mir d‘Leit, fir sech vaccinéieren ze loossen. Mä mir brauchen déi schrëftlech Zouso. Mir kënnen net einfach esou invitéieren, ouni dass mir d‘Zouso hunn.“

Den Impftaux läit dee Moment bei ronn 30 Prozent vun der erwuessener Populatioun. Ma eleng am Januar ginn zwee nei Vaccinen an Europa zougelooss. Fir d‘éischt dee vu Moderna a ganz um Enn vum Mount och dee vun AstraZeneca.

Am Stroossbuerger Parlament fält Lëtzebuerg negativ op, wéi d‘Europadeputéiert Monica Semedo wéinst psychologescher Belästegung vun hire Mataarbechter bestrooft gëtt. Si gëtt fir 15 Deeg suspendéiert a kritt fir déi Zäit dann och keng Pai. E Reproche, deen och heiheem keen zeréckweist. Hire Parteikolleeg, de Premier Xavier Bettel, zumindest erkläert, dass d‘Parlament esou eng Decisioun net ouni Grond hëlt.

„Wann d‘Europaparlament eng Decisioun geholl huet fir d‘Madamm Semedo ze bestrofen an ze condamnéieren, dann ass eppes do. Den Här Sassoli hëlt keng Decisioun, wann näischt do geschitt ass.“

Déi Lëtzebuerger DP wëll dann doriwwer beroden, ob d‘Monica Semedo Member an der Partei dierf bleiwen. Um Enn waart si déi Decisioun awer net of, a gëtt hir Memberskaart fräiwëlleg of. Hire Posten am Parlament allerdéngs net.

Op internationalem Plang dominéieren d‘USA d‘Aktualitéit am Januar. An dat mat Biller, déi schockéieren.

Honnerte Supporter vum viregte President Donald Trump stierme brutal de Kapitol zu Washington. Eng Fra, déi dobäi ugeschoss gouf, ass méi spéit am Spidol gestuerwen. Den designéierte President Joe Biden.

„An dëser Stonn ass eis Demokratie iwwerfall ginn. Mir hunn nach ni esou eppes an eise modernen Zäite gesinn. Mä eppes ass kloer: dës Zeene vu Chaos um Kapitol reflektéieren net d‘USA.“

Ronn zwou Woche méi spéit, gëtt hien offiziell als 46. President vun den USA vereedegt.

Knapp 5 Méint no senger Vergëftung flitt de russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny zeréck a seng Heemecht. Nach um Fluchhafe gëtt hie vun der Police festgeholl.