Mir kucken elo op de Mount Mäerz vun dësem Joer zeréck. D‘Diskussioune ronderëm déi 3 privilegiéiert Personnagen, déi sech fir eng Impfung virgedréckt haten, zéie sech vum Februar nach bis an de Mäerz eran. Ee fréiere Minister gëtt och entlarvt. De President vun der CSV Frank Engel wëll seng Partei an eng sonneg Zukunft féieren. Ma seng parteiintern Feinde klapen. D‘Vollekspartei implodéiert. An d‘Regierung manövréiert sech mat vill Méi duerch déi éischt Phas vun der Impfcampagne, wou ee Vaccin scho Problemer mécht. Pierre Jans.

24/12/2021 Joresréckbléck Mäerz / Rep. Jans (INTERNET)

Ugefaangen awer mat deenen, déi sech scho picke gelooss hunn, ier et hiren Tour war. De fréiere Minister a President vun den Hospices civiles an der Fondatioun Kräizbierg Henri Grethen gesellt sech bei déi prominent Hären aus dem Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman. Dëse Privilegéierten entschëllegt sech duerno awer op d'mannst. Scusi, scusi. De rare Vaccin huet hien nawell am Aarm.

Keng Persoun aus dem ëffentleche Liewen huet verpasst de véier Hären eng mat op de Wee ze ginn. Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel, de Chef-Rapporter vun der Natioun Jeannot Waringo, och de Pirat Sven Clement an den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum fuerdert d‘Regierung op, den Drängeler d‘Lewitten ze liesen.

D‘Gesondheetsministesch probéiert, déi Affär e Stéck wäit ënnert den Teppech ze kieren. Et wär elo un der Justiz. Si huet et deen Ament awer och net einfach. Well Vaccin ass net genuch do. An déi generell Stëmmung am Mäerz ass séier resüméiert: e Mäerz ass e kritesche Mount.

Villes héiert een haut nees: och am Mäerz huet d‘Regierung virun neie Variante gewarnt an op déi wichteg Gestes barrièren higewisen.

Vun Ufank u wär et e Marathon gewiescht, esou de Premier Bettel. An tëscht bludden d‘Féiss. Deemools am Mäerz awer ass d‘Hoffnung grouss, mat der Impfung wär d‘Enn vun der Pandemie sécher. Ma de Start war scho wackeleg. Der Regierung hir Schold war et net onbedéngt. Ëmmer nees goufe Liwwerungen gekierzt. An da kënnt nach dobäi, dass de Vaccin vun AstraZeneca wéinst Fäll vun Niewewierkungen och hei am Land muss gestoppt ginn. Méi spéit kënnt Entwarnung. Den Impfstoff ka weider benotzt ginn.

An am Mäerz ass et och d‘Gebuert vum europäeschen Impfzertifikat.

Wat mécht déi gréisst Oppositiounspartei eigentlech am Mäerz? D‘CSV probéiert hei an do d‘Corona-Politik vun der Regierung ze kritiséieren, selwer Proposen ze maachen. Schlagzeile mécht si awer just mat Parteiinterna. Fir d‘éischt mécht de Parteipresident Frank Engel e Cavalier seul mat engem Katalog un Ziler fir eng zukünfteg CSV mam selwechte Frank Engel als President. E puer Memberen, déi och eppes ze soen hunn, hunn awer guer keng Loscht dorop. De Frank Engel gëtt beim Parquet denoncéiert. D‘Affär Frëndeskrees zitt d‘Partei an en nach méi déift Lach.

Dat onméiglecht Gestreits hat der Regierung op d'mannst e bëssen Zäit ginn, opzeootmen. Mä den nächste Feeler huet net laang op sech waarde gelooss. A villen Alters- a Fleegeheemer ginn et Corona-Ausbréch. Déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen geréit ënner Drock.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie war et relativ roueg. Dunn huet den CSV-Deputéierte Michel Wolter eng Geleeënheet gesinn, dranzefachen. Implizitt fuerdert hien de Récktrëtt vun der DP-Ministesch. D‘Corinne Cahen hält sech awer iwwer Waasser. An dees kann ee geschwënn och nees bei engem Wiert bestellen. Awer just op der Terrass. D‘Freed bei de Patronen hält sech a Grenzen. Dem Alain Rix vun der Horesca no ass et fir d'Keesen net genial, mä fir d'soziaalt Liewe schonn.
Prost.