Den Abrëll 2021 fänkt u mat Frankräich, dat an e Lockdown geet. D’Corona-Zuelen hei am Land sinn och net gutt, vill Leit – iwwer 140 - mussen an de Spideeler behandelt ginn. D’Restaurante sinn zanter méi wéi 4 Méint zou, am Private gëlle Restriktiounen an d’Impfe kënnt lues awer sécher weider. Am Abrëll gëtt an der Chamber de Récktrëtt vun der Familljeministesch Corinne Cahen gefuerdert an de Paul Helminger stierft am Alter vun 80 Joer. D’Carine Lemmer mam Réckbléck....

25/12/2021 Joresréckbléck 2021: Abrëll

De Mount fänkt u mam 11. Covid-Gesetz, dat gestëmmt gëtt. D’Restaurante sinn nach ëmmer zou, mä d’Terrassen däerfe geschwënn nees opmaachen. Et wier eng virsiichteg Ouverture, mä de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp, freet sech: "Ech mengen et ass eng gutt Approche, datt mer lues a lues opmaachen. D’Wieder spillt hoffentlech geschwë méi mat."

Um 1. Dag, wou d’Terrassen nees op hunn, spillt d’Wieder awer manner mat. Et ass kal, mä d’Leit si frou fir nees eraus. "Mir studéieren zu Innsbruck, mir sinn déi Temperature gewinnt. Mir fannen et immens. Mir ass et u sech ze kal, mä flott ass et awer. Trotz dem schlechte Wieder si mir ausgebucht."

Et ginn also Ouverturen, mä iwwert de Corona-Bierg ass een nach net, warnt an der Chamber de Premier Xavier Bettel: "Et geet biergop, mä iwwert de Bierg si mer nach net."

Geimpft gëtt am Abrëll fläisseg. De Vaccin vun Astra ass manner beléift, mä déi, déi wëlle kënne sech elo fräiwëlleg mellen, fir méi fréi geimpft ze ginn. De Succès ass grouss.

Net genuch geschützt, hätt d’Familljeministesch Corinne Cahen d’Altersheemer. Am Parlament gëtt hir Demissioun gefrot, vun der ganzer Oppositioun. De Fernand Kartheiser ADR an de Michel Wolter CSV: "Et bleift eis näischt aneres iwwreg, zu 4, déi ganz Oppositioun, wéi d’Demissioun vun der Ministesch Corinne Cahen ze froen."

De Fernand Kartheiser schwätzt vun engem politeschen Desinteressi. Een, deen esou vill Feeler gemaach hätt, hätt an enger Regierung näischt verluer. D’DP-Ministesch äntwert net op dës Reprochen, mä hat virdrun an der Debatt scho gesot, datt si engem Rapport – den Här Waringo sollte dee maachen - net géif am Wee stoen.

Am Kampf géint Corona kommen am Abrëll d’Schnelltester an den Asaz. Ënnert anerem an der Schoul, doriwwer freet sech de Minister Claude Meisch. D’Tester sollen nees fir méi Normalitéit suergen a verhënneren, datt Schoulen nees zou ginn.

Corona belaascht a verlaangt villes vun eis. Dat krut och d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert ze spieren. Si huet missen eng Auszäit huelen, fir sech z’erhuelen. Am Abrëll kënnt si nees zréck an de politesche Business. Si hätt déi kierperlech Zeechen Eescht geholl, sech geschount, an hätt elo nees nei Energie.

An Däitschland wëll eng aner Fra un d’Spëtzt vum Land. Déi gréng Annalena Baerbock gëtt 1. Kanzlerkandidatin vun hirer Partei.

En Neiufank brauch och d’CSV an dat mat engem neie President an enger ganzer Ekipp. De Claude Wiseler iwwerhëlt déi Aufgab.

De 17. Abrëll 2021 stierft am Alter vun 80 Joer de fréieren DP-Politiker Paul Helminger. D’Lydie Polfer an de Jean-Claude Juncker erënnere sech.

De Mount geet op en Enn, mat engem deen an d’Pensioun geet: de René Closter. 1988 huet hien d’Air Rescue gegrënnt, déi haut 180.000 Memberen huet, 6 Helikopteren a 6 kleng Fligeren.