Am Mee ass d'Covid-Welt zu Lëtzebuerg vergläichsweis an der Rei. D'Zeeche stinn op progressive Retour an d'Normalitéit. Och wann d'Ausgangsspär weider Bestand huet. Mam neie Covid-Gesetz dierfe Caféen a Restauranten och nees banne Leit empfänken, d'Lycéesklasse kommen Enn dës Mounts komplett zréck an de Präsenzunterrecht an d'Rockhal proposéiert e Concert fir bis zu 1.000 Leit. De Réckbléck op de Mount Mee mécht d'Claude Zeimetz.

26/12/2021 Joresréckbléck Mee / Reportage Claude Zeimetz

Zréck an d'Normalitéit, oder éischter nach bei d'Wuerzelen heescht et den 1. Mee och beim Onofhängege Gewerkschaftsbond, deen um Dag vun der Aarbecht e Cortège zu Esch organiséiert. D'Presidentin Nora Back ënnersträicht, datt all déi schaffend Leit ënner der Pandemie leiden

An den LCGB-President Patrick Dury fuerdert sengersäits en Ëmdenken och an der europäescher Politik. Europa hätt sech an eng inakzeptabel Ofhängegkeet géintiwwer China manövréiert.

Manifestéiere maachen am Mee och d'Journalisten an zwar um Dag vun der Pressefräiheet fir e besseren a méi séieren Informatiounszougang. Op engem Protestpiquet gëtt d'Paart vum Staats- a Medieministère symbolesch a Kette geluecht an d'Journalistenassociatioun ALJP mécht op d'Problemer opmierksam. Et wier Transparenz versprach ginn, mä d'Circulaire-Bettel hätt et just schlëmmer gemaach.

Op der Covidfront ginn d'Restriktioune vu Mëtt dës Mounts u méi labber, well d'Infektiounen an d'Hospitalisatioune réckleefeg sinn. D'Ausgangsspär bleift, gëtt awer ëm eng Stonn no hannen op Hallefnuecht geréckelt. Et dierf een doheem 4 Leit invitéieren an zu 4, no bal engem hallwe Joer, och elo nees  bannen an d'Restauranten oder Caféë goen, wann een dann negativ getest ass.

D'Horesca-Federatioun ass vun de Schnelltester nëmme wéineg begeeschtert. De President Alain Rix kritiséiert den héije Präis an datt een all Kéiers, wann een éierens ra geet, en neien Test misst maachen.

5,7 Millioune Schnelltester ginn am grousse Stil och an der Aarbechtswelt verdeelt. An den nächste 6 Woche sollen d'Mataarbechter fräiwëlleg, zum Wuel vu sech an deenen aneren zweemol d'Woch an der Nues wullen. Et géife sécher Leit, déi dat wéilten, seet den Aarbechtsminister, mä et wéilt ee sech op déi ganz grouss Majoritéit konzentréiere vun deenen, déi wëlle matmaachen.

Am Mee gëtt d'Livemusek nees am grousse Stil opliewe gelooss. 600 vu potentiell 1.000 Leit komme fir de Serge Tonnar an d'Rockhal.

Vaccin ass am Mee genuch do an an der Luxexpo mécht de 6. Impfzenter seng Dieren op. Dem Haut-commissaire à la protection nationale Luc Feller no ass ee bei den Invitatioune bei 46-48 Joer ukomm. Ronn 33.000 Leit hu sech donieft fräiwëlleg fir den AstraZeneca ageschriwwen. 19.500 wieren dovunner ugeschriwwe ginn. An de Luc Feller seet schonn deen Ament, datt ee sech op déi nächst Impfcampagne am Dezember preparéiert.

Iwwerdeems fannen d'Lycéesschüler an den ieweschte Klassen no engem hallwe Joer A-B-Unterrecht nees all beieneen.

Déi nei Cargolux-Presidentin Christianne Wickler, déi kuerz fir déi Gréng um Krautmaart souz, steet wéinst hirem Engagement bei der ëmstriddener Onlineplattform Expressis verbis an der Kritik. Si war grad fir de Presidenteposte bei der Cargolux nominéiert ginn. An der Chamber fuerderen d’CSV, d’Piraten an déi Lénk, d’Regierung si fir e Récktrëtt ze motivéieren an hannerfroen ob d'Geschäftsfra de richtege Choix war. An der Emissioun Kloertext spuert de Piraten-Deputéierte Sven Clement net u Kritik.

D'Christianne Wickler bleift um Enn un de Schalthiewele bei der Cargolux, zitt sech awer bei Expressis verbis zréck.

Et sinn definitiv awer keng gutt Zäite fir déi Gréng, déi am Mee och mat de juristesche Schrëtt vum Felix Braz géint seng Demissioun no sengem Häerzinfarkt konfrontéiert ginn. De Parteipresident Meris Sehovic ass schlecht drun, wéi e sech erkläre muss.

Béi déi Lénk iwwerdeems verloossen David Wagner a Marc Baum aus fräie Stécker a getrei dem Rotatiounsprinzip d'Chamberreien a maache Plaz fir Nathalie Oberweis a Myriam Cechetti

International sinn d'Tensiounen tëscht Israeli a Palestinenser am Mee op engem Héichpunkt. Belarus forcéiert e Passagéierfliger zu enger Tëschelandung, well de Lukaschenko-Regime et op e regierungskritesche Journalist u Bord ofgesinn huet, a provozéiert en diplomateschen Eclat. Déi belsch Autoritéite sinn op der Sich nom terrorverdächtegen Zaldot Jürgen Conings, deen no Doudesmenacë géint e bekannte belsche Virolog, ënnergedaucht ass. Frankräich erkennt seng Roll am Genocide am Ruanda. An d'Ema léisst de Corona-Vaccin fir Kanner vun 12 Joer un zou.