De Mount Juni ass gréisstendeels dee vun de gudden Noriichten. Fir d’éischte Kéier zanter dem 21. Juni 2020 gouf et den 1. Juni nees en Dag ouni confirméiert Corona-Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg. Den Tim Morizet kuckt sech a sengem Réckbléck nach eng Kéier d‘Evenementer vu viru 6 Méint un.

Joresréckbléck 2021: Juni / Reportage Tim Morizet

Et geet kloer a Richtung manner Restriktiounen. Méi Normalitéit, méi Fräiheeten. D’Covid-Zuelen entwéckele sech an déi richteg Richtung. Vum 13. Juni u fält de Couvre-feu ewech, et däerf een nees 10 Leit bei sech heem invitéieren, zu 10 op engem Dësch op der Terrass sëtzen oder zu 4 ouni Test bannen am Restaurant. Mam sougenannte „CovidCheck“ gëtt bemol quasi alles méi méiglech. De Premier Xavier Bettel.

„Mir stinn allgemeng gutt do. Dat wéinst den Impfungen, wéinst dem Behuele vun der Populatioun, mee et ass och Saisonal bedéngt. Ech kann Iech net soen, wéi et am Hierscht oder Wanter ausgesäit, wäert lafen, mee den Ament gesi mer, datt sech d‘Situatioun zum positiven entwéckelt.“

Den Horeca-Secteur freet sech, de François Koepp.

„Dat hate mir jo och gefrot. Et ass immens wichteg fir alles wat am Evenementiel ass, fir dat wat Nuetsliewen ass, Discoen. Ech mengen déi brauchen dat doen, fir datt se nees richteg kënne schaffen. D‘Leit waarden drop, d‘Leit sinn hongreg, fir nees dierfen raus ze goen. A bis ewell ware mer éischter en Deel vun der Léisung an net vum Problem.“

Vum Timing hier hätt d‘Ouverture net besser kéinte falen. E sonnegen Dag – a fir Mammendag souz een endlech nees zesummen um Dësch.

Den Optimismus war grouss. Vläicht ze grouss. D'Gesondheetsministesch, Paulette Lenert, schléisst am Podcast Wellebriecher net aus, datt mer am Hierscht erëm dat normaalt Liewen zeréckhunn – ass awer ganz virsiichteg.

"Mir si puer Mol scho schlecht iwwerrascht ginn, dann traut ee sech net sou richteg sech ze freeën. Grondsätzlech sinn ech den Ament awer éischter optimistesch. Eis Zuele weisen an déi richteg Richtung a wann et net elo ass, wou ee sech kann trauen, bësse méi auszeprobéieren, da weess ech net wéini den Ament ass."

Mam Impfe goung et bis dohin och - relativ - gutt virun. Bis Mëtt Juni huet 52 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg eng éischt Impfung kritt, esou de Premier.

"Den Duerchschnëttsalter vun de Leit, déi geimpft gi sinn, läit bei ronn 56 Joer an an dëser Woch kruten och d'Bierger tëschent 39 an 33,5 Joer eng Invitatioun. Mir sinn domat zouversiichtlech, dass och déi éischt Invitatioune fir Leit ënner 30 Joer wäerten erausgoen."

Enn dës Mounts kënnt dann d‘Annonce, d‘Invitatioun fir jiddereen iwwer 18 sinn esou gutt ewéi ënnerwee.

Am Juni war et dann och eng gréisser Diskussioun ronderëm de Moulin Dieschbourg, déi net konform zum Verpackungsgesetz war. No vill hin an hier an Uschëllegunge vun alle Säiten, besonnesch den Oppositiounspartei, heescht et duerno, datt an der Ëmweltverwaltung eng Lëscht iwwersi gouf. D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

„Ech wäert sécher dofir suergen, datt dat richteg opgekläert gëtt. Wéi kann dat sinn, datt eng Verwaltung esou ee Feeler mécht an, datt fir déi zoustänneg Kommissioun net déi néideg Informatioune matgëtt. A wéi ass et méiglech, datt wann en Dokument verschéckt gëtt, dat net richteg verdeelt gëtt. D‘Zesummenaarbecht tëscht der Valorlux an der Verwaltung muss och kontrolléiert an opgeschafft ginn.“

Am Juni gëtt dann och eng weider Gemengefusioun konkret. Dat hunn d'Wieler zu Groussbus a Wal decidéiert. An engem Referendum, deen 3 Joer an der Maach war, hu sech 70% vun de Leit zu Groussbus an 62% vu de Wieler zu Wal fir eng Gemengefusioun ausgeschwat. Dem Gemengepapp an der Gemengemamm ass nom auszielen e Stee vum Häerz gefall, esou och beim Buergermeeschter vu Groussbus, dem Paul Engel.

„Fir de Bierger wäert sech definitiv villes veränneren. Hie wäert Avantagen hunn. Eng Gemeng, déi méi performant ass. Eng Gemeng, déi beim Bierger ass. Eng Gemeng, déi vill méi séier ka reagéieren an net bemol e bürokratesche Stau entsteet, well en Dossier méi laang brauch, etc.“

An de leschte 17 Joer gouf et 102 Gemengefusiounen. Den Ament ginn et 102 Gemengen.

Suerge ronderëm Liberty Steel ginn am Juni an déi nächste Ronn. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB maache sech Suerge wéinst der onsécherer Zukunft vun de méi wéi 200 Mataarbechter. D'Syndikater hätten am léifsten d'Aventure Liberty géif op en Enn goen. Et gouf e Protestpiquet zu Diddeleng virum Stolwierk – eng Betraffen.

"Mir hunn elo emol gesot kritt, dass mer d'Paie bis August géinge kréien. Mee iergendwann ass et um Enn gell, d'Leit hunn Angscht an dofir siche si sech jo och aner Plazen."

Nei Garantien oder Sécherheete gëtt et an deem Dossier bis ewell nach net.

Last, but not least, gouf et op internationalem Niveau e gréisseren Duerchbroch um Sommet vun de G7 Staaten zu London. D'Vertrieder si sech an der brittescher Haaptstad iwwert eng weltwäit Minimalsteier fir Multinationalen vun op d'mannst 15 Prozent eens ginn.

Eng gutt Nouvelle fir d'Steiergerechtegkeet an eng schlecht fir d'Steieroasen op der ganzer Welt.

Fir Lëtzebuerg ass et keng schlecht.... ënnersträicht de Finanzminister Pierre Gramegna.

„Déi déi nach ëmmer an enger Fantasiewelt liewen a menge Lëtzebuerg wier e Steierparadäis déi iere sech, oder hunn d‘Changementer déi an de lëschte 7 Joer gemaach goufe verpasst. Mir gesinn eis hei guer net als Verléierer.


De Mount Juni hat sécher seng Gewënner a Verléierer.