D‘RTL-Redaktioun kuckt dëser Deeg op d‘Aktualitéit vum Joer 2021 zeréck. Haut ass et um Tour vum Mount Juli. Do huet en Evenement d'Aktualitéit dominéiert mat deem kee gerechent hat: d‘Joerhonnert-Héichwaasser. Pit Everling

Joresréckbléck 2021: Juli / Reportage Pit Everling

Héichwaasser gouf et schonn zu Lëtzebuerg, ma nach net matten am Summer a virun allem net an deem Ausmooss. De 15. Juli 2021 wäert de Grand-Duché sou bal net vergiessen. D‘Biller waren dramatesch, de materielle Schued enorm. Extrem vill Reen hat dozou gefouert, datt verschidde Flëss de 15. owes iwwer d‘Ufer gaange sinn, villes matgerappt- an zum Deel Existenzen zerstéiert hunn.

Wéi d‘Waasser den Dag drop bis fort war, gouf d‘Ausmooss vun der Katastroph eréischt visibel.

D‘Rettungsekippen, déi betraffe Leit an eng sëllege Fräiwëlleger waren deeglaang am Asaz, fir ze pompelen, ze raumen ze botzen.
Op ville Plaze war och kee Stroum.  

Datt et dat do nach net gouf confirméiert och de Luc Zwank vum Waasserwirtschaftsamt. Et wier net vergläichbar mat Situatiounen, wéi ee se lo hat. Éischtens wier et aussergewéinlech, datt dat am Summer geschitt, deen zweete Punkt wier d'Amplitude. Op verschiddene Peegele wiere Wäerter gemooss ginn, déi statistesch gesi just eemol pro Joerhonnert oder souguer pro Joerdausend virkommen, sou de Luc Zwank.

Et gouf eng Krisenzell gegrënnt. D'Regierung huet eng gréisser finanziell Enveloppe, deblockéiert fir den Affer vum Joerhonnert-Héichwaasser ze hëllefen. De Schued zu Lëtzebuerg geet déck an d‘Milliounen, sot deemools d‘Assurancen-Associatioun.
Am Grand-Duché goufen et zum Gléck keng Doudesaffer a keng schwéier Verwonnter.

Anescht war dat an verschiddenen Nopeschlänner, eleng am däitschen Ahrtal si méi ewéi 130 Leit ëm d‘Liewe komm.

En anere Sujet, deen och am Juli d‘Aktualitéit dominéiert huet, ass Corona. De Premier Xavier Bettel huet am Ufank vum Mount musse wéinst engem schwéiere Covid-Verlaf hospitaliséiert ginn

Hien ass gepak vun der Krankheet, hie schafft awer normal. Et ass och méi aus Sécherheetsgrënn, well seng Wäerter awer nach net sou si wéi se sollen, sou de grénge Vizepremier François Bausch deemools am RTL-Interview.

Zu Lëtzebuerg war am Juli iwwregens déi ustiechend Delta-Variant eng éischte Kéier majoritär.

Wéi gouf am Hierscht 2020 d‘Covid-Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer geréiert? Mat där Fro war de Jeannot Waringo saiséiert ginn. Am Juli gouf säi Rapport presentéiert.

Am Juli huet d‘Disziplinarkommissioun vum Collège médical e Beruffsverbuet géint den Dr Benoît Ochs gesprach, well hie mat senge Corona-Vuë géint den Deontologie-Codex soll verstouss hunn. Den Dokter ass méi spéit an Appell gaangen.

Op Haiti gouf am Juli de President Jovenel Moise ermort.

Zu Amsterdam gouf de Peter De Vries op oppener Strooss ugeschoss. De Journalist sollt eng Woch méi spéit u senge schlëmme Blessure stierwen.

Zu Lëtzebuerg gouf am Juli ëm den zweeten Troublemaker getrauert. Eng Dose Joer nom Thierry Van Werveke stierft de Schauspiller Ender Frings am Alter vun 62 Joer.