Een déidlechen Tëschefall bei enger Police-Interventioun zu Ettelbréck, uerg Bëschbränn am Süde vun Europa, Afghanistan gëtt vun den Taliban iwwerrannt an e Weltklimarapport, dee weist wéi wäit de Klimawandel scho fortgeschratt ass. Och den August ass dominéiert vun éischter negative Schlagzeilen. Ufänke wëlle mer de Réckbléck op de Mount August awer mat enger positiver Nouvelle, Annick Goerens.

Joresréckbléck August / Reportage: Annick Goerens

An zwar den Exploit vum Charel Grethen. De Liichtathlet ass op den Olympesche Spiller bis an d‘Finall vun de 1500 Meter komm an huet ënnerwee och nach een nationale Rekord opgestallt. Hie gouf an der Finall den 12.

"Wei ech eran an de Stadion komm sinn, ass et mat der Nervositéit nach ganz gutt gaangen. Ech hat näischt ze verléieren. Ech war vu wäit komm an et war einfach e super Gefill, do an der Finall ze stoen."

Méi doriwwer héiert dir duerno an eisem Sportréckbléck vum Mount August. Ugefaangen huet den August awer eigentlech mat vill Froe ronderëm een Evenement den 31. Juli samschdes owes zu Ettelbréck. E Policebeamten huet een déidleche Schoss ofginn, well e Mann hie mat engem Messer menacéiert hat. D’Fro vun der Verhältnesméissegkeet stellt sech bei esou Fäll reegelméisseg, genee wéi Fuerderungen zu méi Moyene fir d'Policebeamten.

De President vun der Policegewerkschaft Pascal Riquier an de Policeminister Henri Kox: "Et gëtt vill vun Taser geschwat, mee dat ass och keen Allheelmëttel. Taser muss een och wëssen aus wéi enger Distanz ee schéisst a wann een en net richteg trëfft an et geet laanscht an et wierkt net, da kann dat nach méi geféierlech ginn." "Ech sinn och hei ëmmer éischter um Volet vun der Preventioun, déi ganz wichteg ass, fir de Polizisten mat op de Wee ze ginn, well si sinn u sech geschult fir Deseskalatioun ze maachen".

Am August gouf dann och scho vu Booster-Impfunge geschwat. Dat awer zu deem Ablack just fir eeler a vulnerabel Leit, net awer fir d'Allgemengheet.

Den Dr Gérard Schockmel: "Mir hu bis elo kee grousst Ofhiewen dorëms gemaach, wann een eng liicht Erkältung hat. An ech mengen, wann een dee voll geimpft ass, liicht Erkältungszeeche mécht, well en elo mam Coronavirus a Kontakt komm ass, dann ass dat fir mech kee Grond, fir elo all d'Leit mat enger 3. Impfung anzeplangen."
Am August goufen awer och d‘Iwwerschwemmunge Mëtt Juli opgeschafft. Et war ënner anerem d‘Fuerderung vum President vum Syvicol Emile Eicher, fir méi een effikasse Warnsystem op d‘Been ze stellen.

"Ech hat selwer esou eppes erlieft am Taiwan. Also dass virun engem Äerdbiewen eng Alerte erausgaangen ass, déi op all Handy gaangen ass. An déi huet schrecklechen Kaméidi gemaach an och ganz staark vibréiert. An dat bei jidderengem, den een Handy an der Täsch hat an do wousst jiddereen, dass do eppes kënnt."

Am August ass och den neie Rapport vum Weltklimarot IPCC erauskomm. Ee Realitéitscheck. Schonn 2030 kéint eng Erwiermung vun 1,5 Grad areecht sinn. Elo scho wiere verschidde Konsequenze vun der Äerderwiermung net méi réckgängeg ze maachen, erkläert de Klimatolog Andrew Ferrone

"Zum Beispill den Temperaturunstieg vun den Ozeaner. Och de Mieresspigel ass irreversibel, och wa mer op 1,5 Grad limitéiere wäerten, geet de weider. Et gëtt zum Beispill vun engem Ustieg vum Mieresspigel vun 0,5-3 Meter ënner 1,5 Grad bis 2300 geschwat a momentan si mer bei 20cm an dat huet laangfristeg Konsequenzen an dat kënne mer net méi reversibel maachen."

A manner wéi zwou Wochen hunn déi radikalislamesch Taliban a ganz Afghanistan d'Muecht erëm iwwerholl. Zéngdausende Persounen dorënner Leit aus den Ambassaden, vun ONGen an Afghanen, déi dem Weste gehollef hunn, hu musse bannent kierzter Zäit sécher aus dem Land bruecht ginn. Et gëllt als déi gréisste Faillite an der Geschicht vun der NATO. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn:

"Ech mengen d'Amerikaner hu jo zouginn, dass se ni geduecht hätten, dass dat mat esou enger Rapiditéit géif iwwer d'Bün goen, mee et ass festzestellen, dass déi 300.000 Truppen, déi vun der internationaler Gemeinschaft ausgebilt goufen, net capabel waren, hir Missioun z'erfëllen."

Iwwerdeems sech um Hindukusch eng Katastroph ofspillt, besonnesch wat d‘Rechter vu Fraen a jonk Meedercher ugeet, geet hei am Land d'Enn vum Summer traditionell mat der Schueberfouer un. Ma och dëst Joer gëtt et keng Fouer, wéi ee se gewinnt war, ma amplaz dovunner de „Fun um Glacis“. Et ass eng Ëmstellung fir d‘Forainen, erkläert de Präsident vun der Forainsfédératioun Charel Hary.

"Mir sinn eis bewosst, et ass keng Schueberfouer. Mir woussten dat och, mir kënnen och warscheinlech net den Ëmsaz maachen, dat ass net machbar. Mee mir sinn awer häerzlech zefridde mat dem wat iwwerhaapt op d'Been komm ass."

An de Mount August war och nach gepräägt vun uerge Bëschbränn am Süde vun Europa. Italien, Griicheland, ma och Frankräich hunn dausende Quadratkilometer u Bëscher verluer. Am Süde vu Frankräich hunn och iwwer 7.000 Persoune wéinst den uerge Bëschbränn missen evakuéiert ginn. Ëm 5.500 Hektar, dat ass eng Fläch wéi bal 16 Mol den New Yorker Central Park, ass am Hannerland vu Saint Tropez komplett ofgebrannt.