De Bataclan Prozess, d’Bundestagswalen an Däitschland, 20 Joer 9/11, d’Sécherheet op der Stater Gare an den Doud vun enger franséischer Filmikon – dëst sinn nëmmen e puer vun de Stéchwierder, déi de September vun dësem Joer markéiert hunn. D’Claudia Kollwelter kuckt an eisem Joresréckbléck zréck op den 9. Mount vum Joer:

Joresréckbléck 2021: September / Reportage Claudia Kollwelter

Ugefaangen zu Lëtzebuerg, wou e Virfall op der Stater Gare op en Neits fir vill an hefteg Diskussioune gesuergt huet. E Mann gouf an der Avenue de la Gare vun engem Hond vu private Sécherheetsbeamten attackéiert. De Video huet seng Ronne gemaach an d’Diskussioun ronderëm de Garer Quartier erëm lancéiert.

De grénge Politiker Carlo Back huet annoncéiert, seng politesch Karriär un den Nol ze hänken. An der Chamber wäert d’Jessie Thill fir hien noréckelen.

Déi jonk vu Youth for Climate hunn erëm zu enger Freidesmaniff opgeruff, fir hir Fuerderungen der Politik ze verdäitlechen.

Da stoung natierlech och d’Schoulrentrée un, déi op en Neits eng ongewinnte war, wann och dës Kéier ouni Maskeflicht.

Eng éischte Kéier gouf zu Lëtzebuerg den Theaterpräis verginn. Ënnert de Gewënner war d’Catherine Elsen als bescht Nowuesstalent, den Haaptpräis vum Owend ass un de Fränk Feitler gaangen.

Vu Lëtzebuerg eriwwer an Däitschland dann, wou d’Bundestagswalen ustoungen. Den Dag no de Walen huet den SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz d’Resultater kommentéiert a betount, datt ee sech beméie géif, eng Regierung ze bilde mat deene Parteien, déi d’Wale gewonnen hunn.

Déi éischt Sondéierungsgespréicher hunn Enn September ugefaangen an d’Preparatioune fir eng Regierungsbildung sinn op Héichtoure gelaf. A Frankräich fänkt Ufank dës Mounts ee vun de gréisste Prozesser un. 6 Joer no de bluddegsten Terrorattentater am Bataclan an am Stade de France hu sech 20 Persoune viru Geriicht ze veräntwerten. De Prozess gouf op 9 Méint ugesat.

Frankräich trauert am September och ëm e richtege Charakter vum franséische Kino. De Jean-Paul Belmondo ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Dem Schauspiller war den Duerchbroch mat der Haaptroll am Jean-Luc Godart sengem Film «A bout de souffle» gelongen. An iwwer 80 Filmer huet hien de franséische Film mat gepräägt, an och am Theater seng Spueren hannerlooss.

D’USA goufen Ufank vum Mount vum Hurricane Ida getraff. New York huet missen den Noutstand ausruffen. Subway Statioune ware follgelaf, Stroossen hunn ausgesi wéi Flëss an eng 5.300 Stéit hate kee Stroum méi.

Ma fir New York war et nëmme puer Deeg drop och en traurege Joresdag: 20 Joer 9/11.

Am September war et dann och d’Annonce vum Comeback vun Abba, déi 2022 an digitaler Form zu London e Concert ginn.