E Regierungsremaniement, d'Cop 26 zu Glasgow, d'Online-Petitioun fir e Verfassungsreferendum, d'Visitt vum Ierfgroussherzog op der Weltausstellung zu Dubai, de 35. Anniversaire vum Gemengesyndikat Syvicol an d'Presidentin vum Foyer de la femme, déi no ronn 40 Joer hir Demissioun bekannt mécht. Dat alles si Sujeten, déi am November an der Aktualitéit waren - e Mount an deem Corona natierlech och net ewechzedenke war an an deem de Virus nach emol eng aner Nues krut, Dany Rasqué

Réckbléck November / Reportage Dany Rasqué

Mir sinn de 25. November. Aus Südafrika gëtt gemellt, datt eng nei Virus-Variant nogewise gouf. De B 1.1.529 oder Omikron.
Potentiell méi ustiechend a geféierlech wéi d'Delta-Variant oder all aner Varianten. Wëssenschaftler op der ganzer Welt sinn alertéiert. Omikron huet méi wéi 30 Mutatiounen.

De Virologieexpert Dokter Claude Muller: "Dat ass alarmant, well doduerch natierlech d'Méiglechkeet besteet, dass déi Mutatioune Verännerunge maachen an den Eegenschaften, am Verhale vum Virus. Déi Mutatioune kënnen och dozou féieren, dass Antikierper manner gutt bannen an dat géing dann heeschen, dass e méi resistent ass vis-à-vis vun der Immunitéit vu Geimpften."

Fir déi Immunitéit ze stäerken, gëtt spéitstens elo kloer, datt jiddereen e Booster brauch an net just déi Leit, déi méi wéi 65 Joer hunn oder am Gesondheetsberäich schaffen. Wie soll oder muss geboostert ginn, war eng Fro, déi d'Regierung an d'Experten aus der Santé vill beschäftegt huet.

De Santésdirekter Jean-Claude Schmit: "Menger Meenung no muss de Booster sinn, bei Leit, déi e gewëssenen Alter hunn. Den Ament si mer bei 65+ zu Lëtzebuerg. Do geet ee mam Alter warscheinlech relativ schnell erof. Bei där Populatioun mécht dat absolut Sënn, bei Jonke kann een driwwer diskutéieren."

Nach laang diskutéiere wollt déi gréisst Oppositiounspartei net. Si huet um Krautmaart, an enger Motioun, e Booster fir jidderee gefuerdert. Eng Motioun, déi mat 58 Jo-Stëmmen ugeholl gouf.

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen: "An deenen Zäite wou mer sinn, wou eisen Impftaux extrem niddereg ass, kann et net sinn, datt mir ëmmer erëm zögeren, well wa mir zögeren oder d'Regierung zögert, dann zögeren och d'Leit an dofir muss et séier goen. Dofir muss de Message an eisen Aen kloer sinn: Booster-Impfung ass wichteg fir jiddereen."

Puer Deeg méi spéit huet de Premier wësse gedoen, datt et e Booster fir jidderee gëtt. "Fir jiddereen iwwer 18 Joer, wann e verschidde Konditiounen erfëllt. Déi éischt ass 6 Méint no enger zweeter Impfung, déi ee mat AstraZeneca, mat Pfizer oder mat Moderna kritt huet oder ee Mount no enger Impfung mat Johnson."

Am November huet d'Regierung och decidéiert, datt vum hallwe Januar un 3G op der Aarbecht gëllt, 2G fir Fräizäitaktivitéiten. Eng Impfflicht, wéi Éisträich se am November annoncéiert huet, well d'Regierung nach ëmmer net, och wann dee Saz beim Premier scho bëssen anescht kléngt, wéi dat soss mol de Fall war.

"Ausschléisse kann een ni eppes. Ni! Mä dat wat mer hoffen ass, dass mer all Mesurë kënnen huelen, fir dass den Impftaux zu Lëtzebuerg an d'Luucht geet, fir dass mer net op de Wee vun enger Impfflicht musse goen."

A wéi d'Press de Regierungschef am November virum Mikro hat, wollt se natierlech och wëssen, wat un de Plagiatsvirwërf drun ass.

"Je ne suis pas fier! Ech sinn net houfreg iwwert dat wat geschitt ass. De Fait ass, dass ech deemools dat gemaach hunn an Ofsprooch mat mengem Prof. De Prof seet, jo en huet dat deemools esou gemaach, ech hunn dat och esou akzeptéiert. Et war eng Jury do, déi Jury huet fonnt, datt déi schrëftlech Aarbecht net gutt war, mä datt déi mëndlech Defense awer ok war. Si hu mer just eng Genügend ginn."

Fir d'Regierung war den November e mouvementéierte Mount. Datt d'Ministeren Dan Kersch a Romain Schneider géifen ophale war scho méi laang am Gespréich. Deen Dag, wou si dat op enger Pressekonferenz confirméiert hunn, huet de Pierre Gramegna hinne bëssen d'Show geklaut.

"Nieft Dan Kersch a Romain Schneider vun der LSAP demissionéiert elo och de Pierre Gramegna vun der DP."
"Ech hu menger Partei dat gesot an ech wëll de Wieler dat soen. Wann ech déi lescht Wochen a Méint Leit begéint hunn, hu se mech gefrot, ob ech nach emol matginn an ech fannen dem Wieler dierf een näischt virmaachen, et muss een him klore Wäin aschëdden."

Ier de Pierre Gramegna demissionéiert huet, sinn d'Resultater aus dem Politmonitor publizéiert ginn an déi ware weder fir hien nach fir seng Partei besonnesch gutt.

Den Tommy Klein vun TNS Ilres: "Bei der DP si mer mam Xavier Bettel ganz vir, deen 8 Punkte verléiert awer och de Pierre Gramegna verléiert 5 Punkten am Verglach mam leschte Politmonitor."

Klimaschutz ass wichteg! Op d'mannst doriwwer war sech d'Weltgemeinschaft op der Weltklimakonferenz zu Glasgow eens. Méi schwiereg war d'Fro wéi eng Ziler ee sech setzt. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg war bei den zéie Verhandlungen dobäi: "Mir sinn net séier an net ambitiéis genuch. Europa kämpft den Ament nach. Mir kämpfen den Ament dofir, dass deen Text fir d'Ambitiounen eropzesetzen nach méi staark gëtt. Mir kämpfen als Bréckebauer fir dass mer och am Beräich Upassungen un de Klimawandel."

Verfassungsreferendum JO oder NEE, och dat war eng Fro, déi d'Aktualitéit am November beschäftegt huet. Op de Gemengen am Land hu se drop gewaart, datt d'Leit géifen ënnerschreiwen an e Referendum fuerderen. Déi grouss Euphorie ass um Enn awer ausbliwwen an et koum just e Brochdeel vun de 25.000 Ënnerschrëften zesummen.

Eng gewëss Euphorie gouf et och beim Léon Gloden, wéi den Député Maire annoncéiert huet, datt e Radiologiezenter mat IRM op Gréiwemaacher géif kommen. Séier koum de Virworf op hei géif eng zwou Klasse Medezin geschaf ginn.

"Wann ech haut dann op Tréier ginn, mat enger Ordonnance vu mengem Dokter fir en IRM, da kréien ech 150 oder 160 Euro vun der Krankekeess zeréckbezuelt, dat ass och hei de Fall."

Dat ass allerdéngs just ronn e Véierel vum Präis, deen ee muss bezuelen.

Den Ierfgroussherzog Guillaume huet am November säi 40. Gebuertsdag gefeiert. Puer Deeg virdru war hien zu Dubai op der Weltausstellung an huet do de Lëtzebuerger Pavillon bewonnert: "Vu bausse wéi vu banne weist de Pavillon e wonnerschéint Bild vun eisem Land. Dat heescht et huet een deen Deel vun der Modernitéit, vun der Ekonomie, mä et huet een och den Deel vun der Kultur an den Deel vun der Natur. Ech fannen, dat si schéi Biller déi mer kënne weisen an déi och ganz gutt hei an der Regioun ukommen."

Gebuertsdag gefeiert huet och de Syvicol. De Gemengesyndikat krut 35 Joer. Wéi dee gegrënnt gouf, war d'Lily Gansen schonn zënter 5 Joer Presidentin vum Foyer de la femme. Si huet am November no 40 Joer un der Spëtzt vun der Organisatioun hir Demissioun ëffentlech gemaach.

"Et war ganz einfach, ech hat am Viraus gesot, ech géif nach ee Kongress matmaachen an dann net méi, well ech fannen egal wéi gutt oder wéi schlecht et enger Organisatioun geet, no esou vill Jore soll een anerer un d'Rudder loossen."

D'Serie "Capitani" war de grousse Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis mat direkt 4 Präisser an an der Kategorie beschte Film huet de "Superjhemp retörns" gewonnen.

Den November war wéi ëmmer de Mount vun der RTL Dictée, wou och dëst Joer de Jemp Schuster nees mat dobäi war. Hien hat puer Deeg virdrun de Buchpräis fir säi Wierk "Bluttsëffer" kritt. Et gouf awer och méi eng traureg Nouvelle. Am November ass de Lëtzebuerger Auteur Guy Wagner, am Alter vu just 66 Joer gestuerwen.