Am Oktober ass vill demonstréiert ginn, en neit Covidgesetz huet ferm Kritik vun de Gewerkschaften akasséiert, an de Staatsminister Xavier Bettel huet net nëmmen d’Ried zur Lag vun der Natioun geschwongen, mee och mat senger Uni-Ofschlossaarbecht vu sech schwätze gedoen. D’Monica Camposeo kuckt op den Oktober zeréck. 

Joresréckbléck 2021: Oktober / Reportage Monica Camposeo

Ee Mount an deem fir Lëtzebuerger Verhältnisser nawell vill manifestéiert gouf. Eleng dräi Marches Blanches Silencieuses si vun der Philharmonie bis an d’Stad getrëppelt. Bis zu 3.500 Leit si matgetrëppelt. Friddlech Manifestatiounen, déi fir d’Police kee Problem waren. Enn dës Mounts huet awer déi belsch Police missen uréckelen, an dat fir d’Gebai vum EU-Geriichtshaff viru polnesche Mineuren ze schützen. De Policespriecher Frank Stolz um Moie vun der Maniff um Kierchbierg: "Den Dispositif ass relativ konsequent. Mir hunn eng 800 bis 900 Leit, déi uniforméiert heit am Asaz sinn."

Wierklech an den Asaz sinn d’Policebeamte glécklecherweis net komm. Roueg a friddlech ass et nach de ganzen Dag iwwer bliwwen. Ma d’Biller vum komplett verbarrikadéierte Kierchbierg bleiwen an Erënnerung. Eng Manifestantin aus Lëtzebuerg, mat polneschen Originnen.

"Ech hu bemierkt, dass an de Medie vill iwwer d’Sécherheet hei zu Lëtzebuerg geschwat gëtt, mee net iwwer d’Situatioun a Polen. Et gëtt net wierklech doriwwer geschwat, wat dat fir d’Leit bedeit, wann d’Kueleminn muss zoumaachen. Ganz Famille wäerten ouni Aarbecht, ouni Paie bleiwen."

Op e Problem opmierksam maachen, dat ass och der Petitionärin gelongen, déi zwee Deeg Aarbechtsdispens de Mount bei Menstruatiounsproblemer gefrot huet. D’Fuerderung gouf net zeréckbehalen, ma et war quasi en historeschen Debat. D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt: "Ouni dës Petitioun wier dëst Thema nach sou bal net op den Ordre du Jour vun dësem Parlament komm."

Vill Diskussioune gouf et nach ronderëm déi ugekënnegt nei Covid-Mesuren. E fräiwëllege CovidCheck an de Betriber gëtt vun de Gewerkschafte schaarf kritiséiert. D’Nora Back, Presidentin vum OGBL an der Emissioun Background: "Lo hu mer se jo dann awer d’Impfflicht. Ech denken, dass de grousse Problem deen ass, dass mat esou engem Discours fërdere mer genee dat, wat mir alleguerten net wëllen. An dat ass déi Spaltung an déi Spléckung an der Gesellschaft, déi mer schonn hunn."

Eng Spaltung, déi zanter Oktober ëmmer méi däitlech ze spieren ass. Den Drock op Leit, déi net geimpft sinn, soll erhéicht ginn, esou de Premierminister Xavier Bettel bei der Ukënnegung vun neie Mesuren: "Mir wëssen, dass et och Abuse gi si bei Selbsttester, déi op der Plaz gemaach gi sinn. Dofir wäerte mer dës Selbsttester net méi beim CovidCheck acceptéieren."

Ma dat kënnt bei der Horesca guer net gutt un, de François Koepp: "Et ka jo net sinn, dass d’Schnelltester virun an de Schoule gëllen, do wou Cluster sinn. Et ka jo net sinn, dass d’Schnelltester virun an de Klinicken an an den Altersheimer gëllen, do wou wierklech vill vulnerabel Leit sinn a bei eis gëlle se net méi. Wat ass da bei eis net gutt, wat bei deenen aneren nach gutt ass. Dat sinn déi Froen, déi mir eis stellen."

Dass d’Schnelltester mam aktuellen 2G+-System knapp zwee Méint drop nees géinge fir sënnvoll befonnt ginn, hätt een am Oktober wuel net erwaart.

Ma d’Pandemie dominéiert weider, och an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister: "D’Pandemie huet eis bewisen, wéi fragil eise Geescht ka sinn. Déi mental Gesondheet muss zu enger vun eise Prioritéiten an der Gesondheetspolitik och ginn. An deem Kader sinn ech frou, kënnen ze annoncéieren, dass d’Regierung fir d’nächst Joer en nationale Plang vun der mentaler Gesondheet wäert virstellen."

Déi a vill aner Proposë waren an der Ried zur Lag vun der Natioun am Oktober ze héieren, op d’Ëmsetzung am nächste Joer kann een also gespaant sinn.

De 14. Oktober vun dësem Joer koum dann d’Nouvelle: Lëtzebuerg ass ee vun 18 Länner, dat an den UN-Mënscherechtsconseil gewielt gouf. An dat fir déi éischte Kéier! A wat bedeit dat, Här Asselborn?

"Zwou Saachen: Ee grousst Encouragement, dofir dass mer eis Kandidatur gestallt hunn an dann zweetens awer och eng Obligatioun, fir eist Bescht ze ginn, fir dass mer déi nächst dräi Joer am Rot vun de Mënscherechter alles gi wat mer hunn."

E puer Deeg drop hunn d’Deputéiert an der Chamber och alles ginn, fir dat neit Covidgesetz ze stëmmen. E Balance-Akt huet de Mars di Bartolomeo et genannt. Alt nees eng Kéier gouf d’Gesetz nëmme mat de Stëmmen vun der Majoritéit ugeholl.

Eng ganz knapp Genügend, ma déi krut de Premierminister dann och an senger Ofschlossaarbecht. No Recherchë vu Reporter steet d’Fro vum Plagiat am Raum, op déi de Xavier Bettel esou äntwert:

"Ech sinn net houfreg op dat wat geschitt ass. De Fait ass, dass ech dat deemools gemaach hunn an Ofsproch mat mengem Proff. De Proff seet jo, heen huet dat deemools esou gemaach, ech hunn dat och esou acceptéiert. Et war eng Jury do, déi huet fonnt, d’schrëftlech Aarbecht wier net gutt, mee mëndlech gutt verteidegt an dofir hu si mer och just eng Genügend ginn."

Déi zoustänneg Uni Nanzeg préift d’Aarbecht den Ament iwwregens ëmmer nach.

Ausserdeem koum Enn Oktober vun der Politik nach eng Annonce, déi zwar näischt mat Covid ze dinn huet, mee eng Occupatioun kéint si bis d’Pandemie eriwwer ass: Bis zu 4 Cannabis-Planzen dierf een an Zukunft an engem Stot ubauen.

International war et am Oktober dann nach de Récktrëtt vum éisträicheschen Kanzler Sebastian Kurz. Wärend am Nopeschland Däitschland Enn Oktober déi éischt Sëtzung vum nei gewielte Bundestag war.