Corona-Demonstratiounen, déi aus dem Rudder lafen, nei Rekorder bei den Infektiounszuelen an d'Debatt iwwert d'Impfflicht, déi lancéiert gëtt. D'Corona-Pandemie huet och d'Aktualitéit am Mount Dezember zejoert dominéiert. Et gouf awer och eng nei Ministesch virgestallt, Däitschland krut en neie Kanzler an Chile huet en neie President gewielt. D'Fanny Kinsch mam Réckbléck op de leschte Mount vum leschte Joer.

Joresréckbléck 2021: Dezember / Reportage Fanny Kinsch

Den 1. Dezember ass op der Stater Gare eng Informatiounsversammlung fir d'Bierger, déi mat enger gewësser Spannung erwaart gouf, zum Thema Sécherheet am Quartier. Eng vun den Haaptfroen, ob de Stater Schäfferot op eng privat Sécherheetsfirma soll zréckgräifen, gouf anescht wéi vun de Gemengeresponsabelen an Aussiicht gestallt awer doropshin net gekläert.

Nodeems de ganzen Hierscht iwwer Mënsche friddlech géint d'Coronamesuren op d'Strooss gaange sinn, kippt d'Stëmmung de 4. Dezember. Bei enger Manifestatioun an der Stad drécke Leit sech an de Chrëschtmaart eran, dee muss zougemaach ginn. E puer Honnert Leit zéie virun d'Privathaus vum Premierminister. Am Cortège gesäit ee Plakater, op deenen d'Regierung mat Nazien an de QR-Code mam Juddestär verglach ginn. De Minister vun der Bannenzeger Sécherheet reagéiert de Moien drop am RTL-Journal.

"Et kann net toleréiert ginn, datt hei Vergläicher gezu gi mat Zäiten, déi déi schwäerzte vun der ganzer Weltgeschicht waren an dofir wäert alles drugesat ginn, fir hei déi néideg Leit dann och zur Rechenschaft ze zéien."

Just iert d'Corona-Demonstratioun eskaléiert annoncéiert d'DP den 3. Dezember déi nei Finanzministesch: d'Yuriko Backes. Am RTL-Interview erkläert si de 6. Dezember, wat et fir si heescht, an dësen Zäite Responsabilitéit z'iwwerhuelen.

"Mir liewe jo am Fong an enger Zäit vu Polycrise. Mir haten eng Crise économique et financière. Mir haten Terrorismus op engem Niveau, wou mer an der Welt nach ni gesinn haten. Mir haten eng Migratiounskris. Mir hunn eng Klimakris an elo hu mer eng Crise sanitaire. Dass dat d'Leit veronséchert, mee och als Gesellschaft, do sti mer virun immens groussen Defien, an do ass natierlech d'Politik gefuerdert, fir déi richteg Léisungen ze fannen. A wann ech do kann och nëmmen e ganz e bëssen zu enger besserer Gesellschaft an am Interêt vum Land schaffen, dann engagéieren ech mech dozou."

Den 20. Dezember gëtt an der EU e fënnefte Corona-Impfstoff zougelooss, dee vum US-Konzern Novavax.

An der Chamber gëtt am Dezember net just eent, ma direkt déi Woch drop nees dat zweet Covidgesetz gestëmmt. Nodeems mam Gesetz vum 16. Dezember den 2G am CovidCheck-Regime agefouert gëtt, trieden d'Ministere Bettel a Lenert eng Woch méi spéit nees virun d'Press. Déi nei Omikron-Variant mécht Suergen.

"En ass extrem, extrem ustiechend. Dësen neie Variant sprengt all Previsiounen, déi gemaach gi sinn. Mir gesinn, do wou en dominant ginn ass, wéi schnell dat geschitt ass. Dofir och e schnellt Handele vun eiser Säit." (Paulette Lenert) - "Dat bedeit, datt jiddereen, deen net geboostert ass, zousätzlech e Schnelltest op der Plaz muss maachen, iert en an e Restaurant oder och an e Café geet." (Xavier Bettel)

Parallel lancéieren d'Spidolsfederatioun FHL an den Daachverband vun den Altersheemer Copas d'Diskussioun ëm d'Impfflicht mat engem Appell un d'Regierung, eng sektoriell Impfflicht anzeféieren. De Collège médical plädéiert a sengem Avis zum neie Gesetz fir eng allgemeng, a keng sektoriell Impfflicht. Och de Cercle vun den Anästhesisten a Reanimateure wëll eng allgemeng Impfflicht - hire President Philippe Welter: "Mir hunn hei um Kierchbierg 6 Patienten den Ament, a mir gesinn déi Leit leiden, déi keng Impfung hunn. A mir hunn eis elo definitiv gesot, hei elo geet et duer. Well, dat ass wierklech kee grousse Schratt ze maachen a mir gesinn déi Leit hei wéi se leiden, wéi se stierwen, a mir leide mat drënner."

An der Chamber schwätzt d'CSV sech als éischt Partei fir eng Impfflicht aus - de President vun der gréisster Oppositiounspartei Claude Wiseler op der Chambertribün de 24. Dezember: "Mir kënnen net esou weiderfueren. Mir kënnen net weiderfueren, all puer Méint eis Gesellschaft erëm erneit anzegrenzen, anzespären, Restauranten zouzemaachen ëm eng gewëssen Zäit, Kultur a Sport anzeschränken, Schoulen a Schüler schwiereg Konditiounen z'imposéieren. De Leit kënne mer dat net éiweg opdrängen."

D'Majoritéitsparteie froen d'éischt emol eng Consultatiounsdebatt zum Thema Impfflicht, déi Woch drop proposéiert de Staatsminister dat an der Woch vum 7. Januar ze maachen.

Am Dezember goufen déi éischt Kanner ënner 12 Joer zu Lëtzebuerg géint de Coronavirus geimpft - eng Erliichterung fir vulnerabel Kanner, fir déi eng Infektioun grouss Komplikatioune kéint bedeiten.

"Sech kënnen z'impfen, ass wéi e Chrëschtkaddo. Dat rett eis d'Liewen."

Den Héichpunkt vun den Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg war virdrun am November 2020, ma 3 Deeg virum Enn vum Joer 2021 gouf en op en Neits gebrach, mat iwwer 1.000 Coronafäll an engem Dag.

Et gouf awer och e positive Rekord - am Dezember gi Chômagezuele gemellt, déi ënnert dem Niveau vu virun der Kris leien.

Zum Schluss nach e kuerze Bléck op déi international Aktualitéit vum leschte Mount - den SPD-Politiker Olaf Scholz gëtt neien däitsche Bundeskanzler, de Gabriel Boric gëtt als President vum Chile gewielt an den Alexander Schallenberg trëtt als Bundeskanzler vun Éisträich zréck a gëtt vum Karl Nehammer ersat. Naturkatastrophë suergen uechter d'Welt fir Misär a vill Doudesaffer, mat engem Vulkanausbroch op der Insel Java an Indonesien, engem Superthyphoon op de Philippinnen an Tornadoen am Südoste vun den USA.