Tëschent 1848 an 1850 huet de Schrëftsteller Charles Dickens all Mount en Deel vu sengem autobiographesche Wierk mam Titel "The Personal History, Adventures, Experience and Observation of David Copperfield the Younger" publizéiert. De brittesche Realisateur Armando Iannucci huet dës epesch a ganz perséinlech Geschicht 170 Joer méi spéit fir déi grouss Leinwand ëmgesat. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

12/09/2020 FILM VUN DER WOCH (Copperfield)

Vu Klengem un war den David Copperfield op sech eleng gestalt. Vu sengem béise Stéifpapp verdriwwen, sou huet de Bouf séier misse léieren fir sech selwer ze suergen. Den David huet awer nach ëmmer eng grouss Leidenschaft gehat, hien huet Sätz vu skurrille Personnagen déi hien begéint huet schonn a jonke Joren niddergeschriwwen an esou huet hien sech eng ganz eege Welt aus Wierder erfonnt déi seng perséinlech Geschicht erzielen.

Dës modern Adaptatioun vum Charles Dickens sengem David Copperfield ass vum "Death of Stalin" an "In the Loop" Zeenarist a Regisseur Armando Iannuci realiséiert. De Cineast dee spezialiséiert ass am Beräich vum zyneschen an anschaulechen Humor, huet sech fir eng ganz theatralesch Verfilmung entscheet.

An deem Sënn léisen sech eng Abberzuel u skurrille Personnage of déi genee wéi vum David Copperfield beschriwwen héi vun engem genësserleche Casting ëm den Dev Patel, Tilda Swinton an de Hugh Laurie interpretéiert ginn. E Casting, deen, wéi et am Theater schonn zënter laangem zur Traditioun gehéiert, net op d’Hautfaarf vun de Schauspiller kuckt. Sou vermëschen sech hei Schauspiller vun de verschiddensten Originne mateneen. Eng Wëllkomm Initiativ déi hire Wee bis elo am internationale Kino am Beräich vun den historesche Filmer nach net wierklech fonnt huet.

Dës modern Adaptatioun vum Dickens sengem Copperfield bréngt et wuel net ëmmer fäerdeg déi bléiend a ganz räich Dialoglinnen op witzeg Manéier z’inzenéieren, trotzdeem ass dës geckeg Aventure eng original an erfrëschend Kinosexperienz.