Fënnef Filmer sinn zënter e Mëttwoch nei am Kino. Dovunner eng Lëtzebuerger Produktioun an eng Ko-Produktioun. An awer huet sech den Tom Dockal fir e Film vun down under - aus Australien - als eise Film vun der Woch décidéiert. "Babyteeth" - Mëllechzänn - vum Shannon Murphy. 

03/10/20 Film vun der Woch BABYTEETH

"Boy meets girl - Moses meets Milla" - déi zwee Jonker treffe sech op der Gare a warden op den Zuch. Hatt - d'Milla - huet d'Schouluniform un, d'Hoer an engem Pony gewéckelt an hien - de Moses - huet esou just eng kuerz Box un, d'zertruddelt Hiem iwwer d'Schëller geworf an Iwwerreschter vun enger Mëschung aus Dreads a Vokuhila um Kapp. Hie freet no Suen. Hatt gëtt him se. Wat hien mat de Sue mécht, ass nach net ganz kloer, an awer kënne mir eis et denken. Hatt kuckt en mat irritéierten, an immens interesséierten Aen un a schwuppsdiwupps sëtzt den, e puer Joer méi ale jonke Mann, um Owesdësch.

D'Elteren - vum Ben Mendelsohn an dem Essie Davis gespillt - trauen dem Moses awer wierklech kee Meter iwwert de Wee. Hien ass méi al ewéi hir Duechter, ass 120% en Junkie a wäert hirer Duechter d'Häerz briechen. D'Milla ass nach esou jonk, a wéi den Titel uspillt, huet hatt d'Mëllechzänn esou just eréischt verluer. Um Owesdësch stellt sech awer eraus, dat se alleguerten eng mat der Broutschéiss hunn. D'Mamm hëllt Berouegungspëllen, de Papp ass en Therapeut, deen usech besser hätt, selwer an Therapie ze goen. Et mécht een et sech séier gemittlech mat dëser uureger Famill, déi engem d'Gefill gëtt, dat engem sengen eege Famill dach awer net esou schassgeckeg ass, ewéi ee geduecht huet. Séier konfrontéiert een e Kapitel - an déi de Film agedeelt ass - domadder, datt d'Milla eng Rechute gemaach an eng Chemotherapie ugefaangen huet.

Babyteeth ass den éischte Film vun der australescher Réalisatrice Shannon Murphy. An nodeems hire Film am Summer vum leschter Joer zu Venedeg um Festival an der Kompetitioun seng Weltpremière huet duerfe feieren an dunn och am Fréijoer nach um Luxembourg City Film Festival mat vun der Partie wor, ass en dann elo am reguläre Kinosprogramm. Dir braucht och keng Angscht ze hunn virum Film. Well Babyteeth ass zu kengem Ament en defaitistescht Kriibsdrama. Ganz am Géigendeel. Dat wat d'Shannon Murphy an d'Zenaristin Rita Kalnejais - iwweregens och d'Auteurin vun der literarescher Virlag - op den Ecran bréngen, ass esou vun enger Mënschlechkeet duerchdrongen vun engem Versteesdemech fir tëschemënschlech Relatiounen a Personnagen, déi, obwuel hinnen d'Liewen hinne fett Steen virun d'Been gehäit, d'Liewen net aus den Aen verléieren. Egal, wat d'Ëmstänn sinn.

Dat kléngt och nees ewéi d'Definitioun vun enger schmachtender Soap-Opera, mee et ass och net dat. Dofir sinn d'Situatiounen an d'Personnagen, déi engem presentéiert ginn, volatil, onberechebar a ganz einfach weird. An esou ewéi een d'Milla an de Moses an de Papp Henry an d'Mamm Anna heiansdo wéilt haan, kann een einfach net anescht, ewéi se gären hunn. Well mir all sinn d'Milla, de Moses, den Henry an d'Anna. Kee gëtt eenz an awer geet et iirgendwéi no vir. Well wat wier d'Alternativ dozou? D'Eliza Scanlen, dat een am Little Women vum Greta Gerwig oder an der Serie Sharp Objects huet duerfe gesinn, confirméiert d'Ausso, dat een hei eng villverspriechend sensibel an enorm jonk Actrice gesäit. Bon, mee och wann d'Needledrops, d'Musek super ausgewielt ass, an de Film e grousse JO! zum Liewe manifestéiert, kënnt een net derlaanscht, mat fiichten Aen aus dem Kino ze goen.

03/10/20 Film vun der Woch BABYTEETH