Scho lescht Woch wor de Film vun der Woch hei op der Antenne en australesche Film. Den Tom Dockal huet awer och dës Woch en Debutfilm vun enger australescher Realisatrice als Film vun der Woch ausgewielt. War "Babyteeth" lescht Woch nach waarm a summerlech, esou ass "Relic" dës Woch däischter, naass a grujeleg.

10/10/20 Film vun der Woch RELIC 9h45

A sengem Buch "Making Movies" hat den amerikanesche Realisateur Sidney Lumet ugemierkt, datt e Film zwar eng Geschicht sollt hunn, mee u sech eppes ganz aneres sollt zielen. Ënnert der Iwwerfläch quasi. Esou ass z.B. "Jaws" vum Spielberg kee Film iwwert en Haifësch. De Genre am Genrekino duerf ni e Mëttel zum Zweck sinn. Dat mécht eventuell e coole Film aus, mee ni e wierklech groussen. D'Realisatrice Erika James vum Horrorfilm "Relic" weess dat och.

De Personnage vum Emily Mortimer péckt d'Duechter an e puer Saachen an den Auto an zesumme maache se sech Richtung gemeinsam Mamm/Groussmamm. Bekannten sur place hu säit enger Zäitchen näischt méi vun hir héieren a bieden d'Famill, kucken ze kommen. Tatsächlech ass d'Haus eidel an d'Boma net ze fannen. No e puer Deeg steet si awer moies, an zur Verwonnerung vun den zwou besuergte Fraen, an der Kiche Kaffi ze maachen, wéi wann näischt gewiescht wier. D'Doktesch, déi di eeler Fra durchchecke kënnt, ass ganz frou, datt Duechter an Enkelin e puer Deeg bei hir bleiwen an no hir kucken. Mee iergendeppes stëmmt net. Mat hir an och mam groussen Haus, an deem si nom Doud vun hirem Mann eleng lieft.

Mam Natalie Erika James huet d'australesch Kinoslandschaft elo nom Jennifer Kent nach eng villverspriechend an talentéiert Realisatrice, déi sech de Genrekino zur Broscht hëllt fir en ausseruerdentlech perséinlechen "Horrorfilm" ze presentéieren. Ass d'Haus vun enger däischterer Präsenz besiess? Oder d'Boma? Oder allebéid? Oder ass "Relic" net awer en iwwernatierlech ugehauchte politesche Thriller? Dat sinn d'Froen, d'falsch Pisten, op déi de Film ee mat Amenter leede wëll. Den Debutfilm vun der japano-australescher Realisatrice ass nämlech e Familljefilm.

"Relic" verhandelt ënnert der Surface vun den Horror-Coden - Jumpscares inklusiv - d'Konfrontatioun vun enger Famill mam Doud, deen an net alt ze wäiter Zukunft onëmgänglech ass. De Film kritt mat den dräi Fraen - Mamm, Duechter, Enkelin - nach en intergenerationelle Gest, unhand vun deem d'Manéier vu jidderengem durchdeklinéiert gëtt, mat där en d'Demenzkrankheet an den imminenten Doud wouerhëllt. Mat engem Net-Akzeptéiere-Wëllen, mat Angscht an mat Iwwerfuerderung. An dann d'Haus. D'Haus ass - wann och net esou mémorabel a konsequent duerchduecht ewéi z.B. den Overlook Hotel am "Shining" - Partie intégrante vun der Psychologie vun de Personnagen. Den Zesummefall vun der Memoire an all Notioun vum Zesummeliewen gi mam Haus visuell duergestallt. An dann dee wonnerbare Schluss. D'Grugelegkeet vum body horror à la David Cronenberg trëfft op d'Sensibilitéit vun engem Familjendrama fir e Schluss, deen nach laang nom Générique bei engem bleift. Genee ewéi de Film, deen een esou net huet komme gesinn.