D’Nummer 1 am Box Office hei am Land ass dës Woch déi 13t Verfilmung vum Tom and Jerry hiren Aventuren. Et verschléit déi tolpatscheg Katz an déi lous Maus dës Kéier an e schicken amerikaneschen Hotel. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

05/06/2021 Tom & Jerry vum Tim Story

Film vun der Woch : "Tom & Jerry" vum Tim Story

RTL

D’Kayla ass eng jonk an ambitiéis Fra déi onbedéngt zu New York City e gudden an erausfuerderenden Job well fannen. Ma ouni weider Qualifikatiounen wei hiren Enthusiasmus a ganz natierlech Perséinlechkeet gëtt si ëmmer nees ofgewimmelt, bis si an engem luxuriéisem Hotel, ënnert engem falsche Numm endlech eng Chance kritt. Ma hir Zukunft hänkt awer dovunner of ob si et fäerdeg bréngt eng Maus mam Numm Jerry déi sech et am Hotel gemittlech gemaach huet ze fänken an domat eng prestigiéis Hochzäit ze retten. Dofir héiert si den Tom un, eng Katz déi den Jerry wuel gutt kennt, ma déi ëmmer nees vun der Maus veräppelt gëtt.

D’Aventuren vum “Tom and Jerry” dei initialer Weis tëschent 1940 a 1967 an Amerika ausgestraalt goufe gehéiere mëttlerweil zu de Klassiker vun der Animatioun. Schued ass et datt an dëser 13ter Adaptatioun vun der Serie an der Form vun engem Spillfilm, sech dach relativ wéineg Zeenen an Aktiounen em d’Katz a Maus Spill tëschent dem Tom an dem Jerry dréien, ma datt d’Kadergeschicht ëm d’Kayla gespillt vum Chloë Grace Moretz dach immens vill Platz anhëlt ouni wierklech un de Slapstick Geescht vun den Titelprotagonisten erunzekommen.

Ganz gelongen ass awer d’Mëschung tëschent Animatiounscharaktären a richtegen Dekoren a Schauspiller déi hei op geschéckte Manéier interagéieren. Nieft de ganz flotten wann och ze seelene Momenter tëschent dem dach sou tolpatschegen Tom an dem gevivten a lousem Jerry adresséiert dës Verfilmung déi ouni iergend e "second degré" ass sech awer exklusiv un e jonke Publikum déi den Tom an de Jerry esou op der grousser Leinwand entdecken kennen.