Et lafen eng ganz Rëtsch u néie Filmer dës Woch an de Kinoen un. De Loïc Tanson huet sech der 4 erausgepickt, dorënner eng Disney Produktioun an e Gangsterfilm.

09/06/2021 Nei am Kino

CRUELLA vum Craig Gillepsie mam Emma Stone

RTL

D’Estella ass eng lous an talentéiert jonk Fra déi sech matten an de 70er Joren zu London e Numm an der Welt vun der Moud well maachen. Si ass ass sech et net ze schued dofir och en onéierleche Wee anzeschloen, ma hir Renconter mat der Baronne von Hellmann wäert si fir ëmmer veränneren an aus dem Estella gëtt eng skrupellos Ikon vun der Moud mam Numm Cruella. Dës Disney Produktioun déi e Spin off vum 101 Dalmatiner ass gouf vum Craig Gillepsie realiséiert mam Emma Stone an der Haaptroll.
 

SONS OF PHILADELPHIA vum Jérémie Guez mam Joel Kinnaman

RTL

 
De Peter an de Michael sinn Cousinen an  d’Famill steet bei den 2 Ganoven déi e ganz verschiddent Temperament hunn iwwert allem. Wann de Michael awer an de Viséier vun der Italienescher Mafia geréit, kennt den 2 Männer hir ënnerdréckte Kandheet nees op. Am “Sons of Philadelphia” sinn de Joel Kinnaman an de Matthias Schoenarts an den Haaptrollen ze gesinn.

VOYAGERS vum Neill Burger mam Tye Sheridan

RTL

Eng Grupp vu jonke Leit ginn an de Weltall geschéckt fir e néie Planéit ze koloniséieren an d’Iwwerliewe vun der Mënschheet esou ze garantéieren. D’Liewen u Bord vum Raumschëff gëtt awer ëmmer méi komplizéiert wann d’Passagéier een nom aneren hir Missioun a Fro stellen an en Muechtkampf ausbrécht. « Voyagers » ass e Science-Fiction Film vum Neill Burger mam Tye Sheridan.

ENVOLE-MOI vum Christophe Barratier mam Victor Belmondo

RTL

Den Thomas verbréngt seng Nuechten domat Party ze maachen a seng Deeg am Bett. Bis säi Papp, den Dokter Reinhard es genuch huet a säi Bouf vru seng eege Responsabilitéite stellt an deem hien en beoptraagt sech ëm den 12 Joer ale Marcus ze këmmeren. E Jong deen zënter senger Gebuert vun enger schlëmmer Krankheet befall ass an deen Dag an Dag aus fir säin Iwwerliewe kämpfe muss. Dës Renconter wäert hier jeeweileg Existenzen fir ëmmer veränneren. “Envole-Moi” ass e Film vum « Les Choristes » Realisateur Christophe Barratier.

RTL

 
THE CONJURING 3 vum Michael Chaves mam Vera Farmiga

RTL

MANDIBULES vum Quentin Dupieux mam Adèle Exarchopoulos

RTL