101 Dalmatiner ass e Klassiker am Repertoire vun den Animatiounsfilmer genee wei d’Cruella de Vil zu de markante Personnage vun Disney sengem Repertoire zielt. Zenter dëser Woch leeft mat « Cruella » e Film an de Kinoen an deem alles sécher ëm dës exzentresch Moudenikon dréit. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

"Cruella" vum Craig Gillepsie

RTL

Wäiss Hoer op der enger Séit, Schwaarzer op der anerer. Mat dësem Markenzeechen ass d’Estella op d’Welt komm. Vun de Stroosse vu London an de 70er Joren wou si sech als gevirwëtzte Gaunerin mat hiren 2 Akolythen de Léit Täschen eidel mëscht bis hin zu der Welt vun der Haute-Couture an deem dat rebellescht Weesekand sech well e Numm maachen, muss si sech ëmmer nees beweisen. Wann si d’Chance huet fir déi redoutabe Baroness ze schaffen kennt si hirem Dram e Schrack méi no. Ma aus der louser jonker Fra gëtt no a no eng skrupellos Moudenikon déi op Revenge aus ass.

« Cruella » ass eng sougenannten "Origin Story", d.h. eng Geschicht déi op d’Gebuert vu sengem Haaptpersonnage zréck kennt. An dësem Fall ass dat e Versuch aus engem Antagonist e Protagonist ze maachen, genee wie Disney dat schonn mat der béiser Hex Maleficent gemaach hat.

Sou weist de Realisateur Craig Gillepsie wei aus engem klenge Meedchen noutgedrongen duerch Schicksalsschléi eng skruppelos Fra gëtt, a virun allem wou hiren Haass op Dalmatiner hierkënnt. “Cruella” ass gewollt pompös an iwwerspëtzt, a mat senger virtuoser Ästhetik a fantasteschem Soundtrack dee vum Nina Simone bis bei d’Rolling Stones iwwert Black Sabbath reecht, suergt dës Disney Produktioun fir witzeg an spannend Ënnerhalung.

Di éischt Hallschent vum Film déi dem jonken Estella seng Peripetien erzielt ass deemno puere Spaass, ma mat senger Dauer vun 134 Minutten ass Cruella awer eng Grëtz ze laang, oder besser gesot Dréibuch, e gutt Stéck ze dënn.

De Face à face tëschent dem Emma Stone an der Haaptroll an dem Emma Thompson an der Haut vun der Baroness ass awer eleng schonn den Entréesbilljee wäert. An och wa "Cruella" op der Streaming Plattform Disney+ kann fir en Opräiss erofgeluede ginn, sou ass dëse Film awer virun allem fir de groussen Ecran gemaach, an et ass dann och am Kinossall wou dem Realisateur Gillepsie säi visuelle Genoss sech kann ëmsou méi entfalen.