Bis ewell ware Sportsfilmer wei "Rocky" dach eng Spezialitéit an där Hollywood ëmmer d'Nues fir hat. Mam Drama "5ème Set" an deem alles sech ëm den Tennis dréit, beweist de franséische Realisateur Quentin Reynaud awer datt och hei an Europa exzellent Sportsfilmer kënne gemaach ginn. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

19/06/2021 Film vun der Woch: 5ème Set

Film vun der Woch: 5ème Set vum Quentin Reynaud

RTL

A senge jonke Joren war den Thomas e grousst Talent an Hoffnung vum franséischen Tennis. No enger Defaite a 5 Sätz an der Hallwer Final vu Roland Garros an där hien 3 Matchbäll hat fällt hien a Lach aus dem hie ni méi sollt erauskommen. 20 Joer méi spéit, am Alter vun 38 Joer, no sëllege Verletzungen um Knéi an engem vu Péng gezeechente Kierper, well de Familljepapp et nach eemol wëssen a schreift sech fir d’Qualifikatioune vun de French Open an.

5ème Set ass e Sportsdrama. En intimen Abléck an d’Kulisse vun engem individuelle Sport an deem déi psychologesch Laascht genee esou grouss ass wei de physesche Präis deen dës Héichleeschtungssportler musse bezuelen. Fir den Thomas ass dës Leidenschaft zur Obsessioun ginn. Ënnert dem Drock vu senger emotiounsloser Mamm, gespillt vum Kristin Scott Thomas, well hien der Welt a sech selwer nach eemol beweisen datt hien ka gewannen, och wann dat weider Spannungen mat senger Fra, enger fréierer Tennis Spillerin, mat sech bréngt.

Dem Quentin Reynaud geléngt et hei op emotional a subtil Manéier d’Schiedseiten vum Tennisgeschäft ze weisen wou d’Majoritéit vun de Spiller struewelt fir genuch Geld ze wannen fir z’iwwerliewen. D’Matchsequenzen dei op innovativ Manéier gefilmt goufen propulséieren de Spectateur och matten op den Terrain wou een d’Terre Battue quasi spiere kann. Den decisive Match hëlt dann och bal 1 Drëttel vun der Durée vum Film an an dauert gutt 25 spannend Minutten. Dësen exzellente Sportsdrama lieft awer och sengem ganz iwwerzeegende Schauspillerensemble ugefouert vum Alex Lutz dee beweist datt weit méi an em stécht wei just en immens begaabte Komiker.