Vum Spionage-Thriller bis hin zu engem Oscar Gewënner misst ënnert de neie Filmer déi Haut an de Kinoen ulafen fir all Goût eppes derbäi sinn. De Loïc Tanson mat der Kinosaktualitéit.

23/06/2021 Nei am Kino

A QUIET PLACE 2 vum Jason Krasinski mam Emily Blunt

RTL

Nodeems si aus hirem Haus hu misste flüchten, muss d’Abbot Famill e neit Doheem fannen. Ma déi déidlech Kreaturen déi bei all klengem Geräisch kennen op si opmierksam ginn sinn net déi eenzeg Gefor déi an der Aussewelt op si lauert.  "A Quiet Place 2" ass d’Suite vum immens erfollegräichen Film aus dem Joer 2018.

WRATH OF MAN (CASH TRUCK) vum Guy Ritchie mam Jason Statham

RTL

Bei engem Iwwerfall op e Convoi mat wäertvollem Inhalt iwwerrascht de neien a mysteriéise Sécherheetsbeamten mat immens präzise Schëss wärend engem onerwaarten Ugrëff vun experimentéierte Gangsteren.  Cash Truck ass vum "Sherlock Holmes" Regisseur Guy Ritchie realiséiert mam Jason Statham an der Haaptroll.

THE COURIER vum Dominic Cooke mam Benedict Cumberbatch

RTL

1960 fënnt e bescheidene brittesche Verkeefer sech matten an engem Konflikt vum kale Krich zeréck. Op uerder vum MI6 an der CIA muss dësen improviséierte Spioun tëschent London a Moskau hin an hir reesen fir en Atomkrich tëschent den 2 Weltmuechten ze désamorcéieren. "The Courier" ass e klasseschen a spannende Spionagefilm mam Benedict Cumberbatch.

MINARI vum Lee Isaac Cheung mam Steven Yeun

RTL

Eng südkoreanesch Famill léisst sech am Arkansas néier wou de Papp wëll Bauer ginn. Säi klenge Bouf muss sech un dat néit Liewen an un d’Gesellschaft vun enger Groussmamm winnen déi hien net kënnt. D’Schauspillerin Yuh-Jung Youn krut dëst Joer fir hir Interpretatioun vun der temperamentvoller Bomi den Oscar vun der beschter Nieweroll iwwerreecht.