“Wrath of Man” heescht de néien Actionthriller vum brittesche Realisateur Guy Ritchie deen sech mat Filmer wéi “Lock, Stock and two smoking Barrels” oder “Snatch” e Numm gemaach huet. Dëse puere Revengefilm mam Jason Statham leeft hei am Land ënnert dem Titel “Cash Truck” an de Kinoen. De Loïc Tanson mam Kinotipp.

26/06/2021 Film vun der Woch: Wrath of Man

Film vun der Woch: Wrath of Man vum Guy Ritchie

RTL

Den H. léist sech als Secherheetsbeamten an enger Firma astellen déi 2 Employéen bei engem Iwwerfall vrun e puer Méint verluer huet. Emmer nees ginn d’Transporter mat Geld an déi blindéiert Camionen iwwerfall. Am Géigesatz zu senge néien Aarbeschtskoleegen, well den H sech awer net un de Protokoll halen a subal hien ugegraff gëtt, léisst hien seng Waff a seng Muskele spillen, an dat op ganz gezielte Manéier, well den H ass op Revanche aus.

“Wrath of Man” ass en Actionfilm mam Jason Statham dee vum Regisseur vun de Sherlock Holmes Filmer, dem Guy Ritchie realiséiert gouff. Dem brittesche Realisateur seng stylistesch Approche ass hei awer bei weitem net esou opfälleg wéi an all sengen anere Filmer wou Ralentien an accéléréiert Biller ëmmer nees de Rythmus diktéieren a wou eng Voix Off de Spectateur duerch de Film begleet. No enger formell ganz epuréierter, radikaler a gelongener Ouverturessequenz ass de Recht vu « Wrath of Man » e konventionnelle Genrefilm.

Den Zeenario deen ënnert anerem vum franséische Dreibuchautor Eric Besnard geschriwwe gouf, spillt deemno wuel op Spannung an op eng Geschicht déi a Kapitelen ennerdeelt ass, an déi lues a lues wei zerspreete Puzzlestécker zu engem Gesamtbild zesummekommen, wei dat esou oft de Fall ass am Guy Ritchie senge Filmer.

“Wrath of Man” ass awer nach lang net esou verspillt an originell wéi een dat vum Ritchie senge firechte Wierker gewinnt war, an deemno hëllt dësen typesche Revenge Film mat sengen stereotypéierte Personnage sech dach eng Grëtz ze eecht obwuel et en Actionfilm ouni weideren Déifgang bléift.