De Lin-Manuel Miranda huet mam Broadway Hit “Hamilton” de Musical vu Grond op moderniséiert.  « In The Heights » ass de viregte Musical vum Miranda deen 2008 net manner wéi 4 "Tony Awrds" konnt gewannen. Dës Geschicht iwwert Immigratioun zu New York gouf elo fir déi grouss Leinwand adaptéiert. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

10072021 Film vun der Woch IN THE HEIGHTS

Den Usnavi, huet e suenito, e klengen Dram oder besser gesot e Liewensdram. Den Epicier aus dem Quartier vu Washington Heights zu New York well zeréck a seng Heemescht an Dominikanesch Republik an do sengem Papp seng Bar nees vu Grond op opbauen.  Den Usnavi ass awer net deen eenzegen deen aner Virstellungen fir seng Zukunft huet, Nina well säi Wee op enger Eliten Uni maachen, d’Vanessa well Moudendesignerin ginn an de jonke Sonny well einfach nëmmen d’Recht wielen ze goen, ma dofir brauch hien eng Greencard.

“In The Heights” ass eng reegelrecht Hymn un déi Latäin amerikanesch Kommunautéit déi zu New York an hirem Barrio vu Washington Heights liewen. Et ass awer sécherlech kee politeschen a keen sozialen Drama ma wuel gewollt e Musical. An typescher Musical Manéier ass hei d’Majoritéit vun den peppeg a gutt rhythméierten Dialogen a Musek verpaakt ginn. Dës Musek ass staark influenzéiert vun den Origine vun der Latino Communautéit a geet vun Hip hop bis iwwer zuer Salsa, der Merengue an der Soul Musék.

Ënnert der Regie vum Jon M. Chu deen sech mat “Step Up Revolution” am Joer 2013 e Numm gemaach huet, ass dëse verfilmte Musical virun allem eng grouss Portioun  gutt Laun. Jo “In the Heights” ass wuel nawell naiv, an extrem idyllesch, fir net ze soe Kitsch, ma dëst Musical Märchen straalt eng onwarscheinlech Liewensfreed aus.