Pünktlech fir d'Vakanz ass d'Kinosaktualitéit esou variéiert an interessant wéi scho laang net méi. Ënnert de neie Filmer sinn eng Rei Suitte vun erfollegräiche Blockbuster, e politeschen Thriller an e franséische Film deen dës Woch zu Cannes um Film Festival virgestallt gouf. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Filmer vir.

14/07/2021 Nei am Kino

FAST & FURIOUS 9 vum Justin Lin mam Vin Diesel

RTL

Fir den Dom Toretto steet d’Famill ëmmer op éischter Platz. De rauen Dom lieft mëttlerweil zeréck gezunn a wäit ewech vun all Autoscourse a féiert e rouegt Liewen mat senger Fra a sengem Bouf bis d’Geeschter aus der Vergaangenheet an der Form vu sengem Brudder nees a sengem Liewen opdauche, an den Dom seng Crew nees muss zesumme ruffen fir sengem Brudder d’Handwierk ze leeën.
De 9te Volet an der Fast & Furious Saga ass de 5te Film hannerteneen dee vum Justin Lin realiséiert gouf, an an der Haaptroll ass wéi gewinnt de Vin Diesel ze gesinn.

SPACE JAM: A NEW LEGACY vum  Malcolm D. Lee mam Lebron James

RTL

Am Space Jam : A New Legacy versicht den NBA Champion Lebron James et der vun der Baskets Legend Michael Jordan no ze maachen an d’Welt zesummen mam Bugs Bunny vrun enger béiser artifizieller Intelligenz ze retten.

TITANE vum Julia Ducournau mam Vincent Lindon

RTL

 
No enger Rei u mysteriéisen a net geléiste Kriminalfäll, fënnt e Papp säi Bouf erëm deen zënter 10 Joer verschwonne war.
TITANE ass e néien originale Film vum Julia Ducourneau ("GRAVE" - 2016) mam Vincent Lindon.

THE MAURITANIAN vum Kevin MacDonald mam Tahar Rahim

RTL

De Mohamedou Ould Slahi ass e Prisonéier zu Guantanamo dee ni d’Méiglechkeet krut sech vru Geriicht ze verdeedegen. Eng Affekotin gespillt vum Jodie Foster wäert awer dru setzen fir dës skandaléis Affär un d’Liicht ze bréngen.
THE MAURITANIAN  ass op enger wouerer Geschicht baséiert a vum schottesche Regisseur Kevin MacDonald realiséiert.