De schottesche Realisateur Kevin Macdonald ass fir seng politesch engagéiert Filmer wéi “The Last King of Scotland” oder nach “State of Play” bekannt. Mat “The Mauritanian” mam Jodie Foster a mam Tahar Rahim, stellt hien den amerikanesche Justizsystem a seng Gestioun vun den Terrorattacken am Joer 2001 blouss. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

17/07/2021 Film vun der Woch: The Mauritanian

“The Mauritanian” vum Kevin Macdonald

RTL

De Mohamedou Ould Slahi ass e Prisonéier zu Guantanamo dee ni d’Méiglechkeet krut sech vru Geriicht ze verdeedegen. D’Jore verginn an de jonke Mann bléift net nëmmen agespaart, ma hie gëtt och no alle Reegele vun der Konscht gefoltert an dat ouni iergendwellech Prouf datt hien schëlleg ass. Amerika wëll seng Revanche, an de Mohamedou ass de perfekte Sënnebock. Bis eng Affekotin gespillt vum Jodie Foster sech dofir entscheet dës Affär unzehuelen an de Mohamedou vru Geriicht ze verdeedegen. Fir de Mauretanier kommen deemno éischt Hoffnungen op eng Zukunft a Fräiheet op.

“The Mauritanian” ass op enger richteger Geschicht baséiert. De Mohamedou Ould Slahi gëtt et wierklech. Säin tragescht an ëmsou méi ongerecht Schicksal huet hien an engem internationale Bestseller mam Titel “Guantanamo Diary” am Joer 2015 publizéiert. De Film “The Mauritanian” ass e Plaidoyer géint d’Ongerechtegkeet a fir den ziville Courage vun enger Affekotin déi d’Valeuren vun hirem Beruff ëmmer héich hält.

Mat zwou verschiddenen Ästhetiken a Billerformater, spréngt de Realisateur Kevin MacDonald am Mohamedou sengem Liewen hin an hier fir enger Séits de kalen prozedurale juristeschen Oflaf ze weisen an anerer Séits d’Intimitéit vun der Hell an där hien Joere laang gelieft a gelidden huet. Et sinn och dës Sequenzen, déi vill méi expressiv sinn, an integral op de Schëlleren vum exzellenten Tahar Rahim berouen, déi aus dem “The Mauritanian” en Deels ganz staarken a wichtegen Drama maachen.

De ganze narrative Strang ëm d’Affekotin Nancy Hollander déi vum Jodie Foster gespillt gëtt, ass do der géint awer relativ schwaach, an dat ass Gréissten Deels doduercher bedéngt datt dës komplex Affär versicht gouf op hiren klengste gemeinsame Nenner ze reduzéieren fir se sou verständlech wéi méiglech ze maachen. Doduercher ass dëse ganzen Deel awer nawell iwwerflächlech a net wierklech kredibel, well eben ze vill simplistesch. An deem Sënn hätt “The Mauritanian” dem Zuschauer kënne méi zoutrauen fir net mat Momenter aus enger onwarscheinlech wichteger Geschicht aus onser aktueller Zäit, eng typesch amerikanesch Karikatur ze maachen.