Net manner wei 9 nei Filmer lafen dës Woch an de Kinoen uechter d'Land un. De Loïc Tanson huet sech der 4 erausgepickt déi hien méi genee ënnert d'Lupp geholl huet, dorënner en Horrorfilm mam Vicky Krieps.

OLD vum M. Night Shyamalan mam Vicky Krieps

RTL

Eng Famill déi an der Vakanz ass verbréngt en Dag op enger isoléierter Plage. Hei vergeet Zäit awer méi séier wéi soss, besser gesot ginn si all ënnerhalb vun engem Dag ganz séier ganz al, sou datt dësen Dag hire leschte wäert sinn. Di lëtzebuergesch Schauspillerin Vicky Krieps huet eng vun den Haaptrollen am OLD dee vum THE SIXTH SENSE Regisseur M. Night Shyamalan realiséiert gouf. Dësen Horrorfilm ass eng Adaptatioun vum Roman "Château de Sable" vum Pierre Oscar Levy a vum Frederik Peeters.

 
THE MARKSMAN vum Robert Lorenz mam Liam Neeson

RTL

E reaktionäre Krichsveteran deen op der Mexikanescher Grenz, op der Amerikanescher Séit lieft, wëll engem jonken Immigréierten hëllefen deem seng Mamm vun de Memberen vun engem Cartel ëmbruecht gouf. Zesummen flüchten si vrun de Kriminellen ma awer och vru korrupte Polizisten. THE MARKSMAN ass en Actionfilm mam mëttlerweil 69 Joer ale Liam Neeson.

KAAMELOTT vum a mam Alexandre Astier

RTL

No 6 Staffelen a 458 Episoden mécht d’Televisiounsserie KAAMELOTT de Sprong vum klengen op de groussen Ecran. An dësem éischte Volet well den Arthur Pendragon den Tyran Lancelot-du-Lac ee fir alle Mol vum Troun stoussen fir nees Fridden op déi bretonesch Insel ze bréngen.

DIE OLCHIS vum Toby Genkel, Jens Moller

RTL

 
D’Olchi Famill ass op der Sich no engem neien Doheem. Well si awer net gutt richen sinn se néirens wierklech wëllkomm bis si sech op enger Mülldeponie erëmfannen an sech et do gutt goe loossen. E béisen Entreprener well d’Olchis awer verjoen an d’Mülldeponie an e Wellness verwandelen. DIE OLCHIS ass e Blesch-Däitschen Animatiounsfilm vum Toby Genkel a Jens Moller.