Di lescht Woch goung de Festival vu Cannes op en Enn, mat engem éischter couragéierte Choix vum Jury presidéiert vum US Realisateur Spike Lee. D'Palme d'Or goung e bëssen iwwerraschend un de radikalen an kontroverséierte Genre Film Titane vun der franséischer Realisatrice Julia Ducournau. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

24/07/2021 Film vun der Woch TITANE

Di lescht Woch goung de Festival vu Cannes op en Enn, mat engem éischter couragéierte Choix vum Jury presidéiert vum US Realisateur Spike Lee. D'Palme d'Or goung e bëssen iwwerraschend un de radikalen an kontroverséierte Genre Film Titane vun der franséischer Realisatrice Julia Ducournau. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

"Titane" vum Julia Ducournau

RTL

Bal 30 Joer no der Jane Campion hirem Fim "The Piano", ass "Titane"  di 2. Palme d'or déi un eng Fra geet, un e radikale feministesche Film, agekleet an de Genre vum Horror a Monsterfilm.

Titane ass di hallucinant Geschicht vun enger Serialkillerin, déi duerch en Autosaccident méi wéi traumatiséiert ass, sech als Bouf verkleet fir der Polizei ze entwëschen, a sech adoptéiere léisst. Si ass am Ufank Dänzerin op Autossalonen a konfrontéiert mat enger aggressiver an toxesche Männerwelt, op déi se radikal reagéiert, an déi aus dem éischten Deel vum Film näischt fir sensibel Gemidder mécht. "Titane" ass e survoltéierte Film, deen ee sécherlech als Trash a Punk bezeechen kann, allerdéngs mat enger absolut maitriséierter Mise en scène. Et ass e Film iwwert de mënschlechen Kierper an all senge Formen, sichtlech inspiréiert vum David Cronenberg, a besonnesch sengem Film "Crash"; allerdéngs geet e vill méi wäit, wat d'Form an d'Thematiken ubelaangt.

Esou Hybrid wéi de Film ass, esou ass och d'Musek vum Jim Williams mat elektronescher Musek, engem ongewinnten Asaz vun der "Macarena", oder dem Haendel senger "Sarabande", bis dëse méi romantesche Popsong vum Rod Argent, wann géint der Schluss de Film eng aner Tonalitéit unhëlt.

Den zweeten, ganz ënnerschiddlechen Deel vum Film konzentréiert sech ëmmer méi op di klassesch Horror Thematik vum Monster, dee verzweifelt op der Sich no Léift a Gebuergenheet ass. Net dat doduerch de Film méi konventionnell gëtt; och a sengem Plaidoyer fir d'Akzeptanz vun der kierperlecher trans-genre  Mutatioun bleift de Film radikal a provokatoresch.

"Titane" ass e Film hors-normes. Et ass och villäicht e Film deen essentiell feministesch Revendicatiounen mat enger gewësser Konfusioun perkutéiert, mee deen e richteg originell Kinoserliefnis ass, an deen de Genre Kino op en anere Niveau hieft.