Dës Woch lafen eng Hellewull un interessante Filmer an de Kinoen un. Ugefaangen mat engem Fantasy Märchen mam Titel THE GREEN KNIGHT. De Loïc Tanson seet iech wat dës Woch absolut den Ëmwee an de Kino Wäert ass.

04/08/2021 Nei am Kino

THE GREEN KNIGHT vum David Lowery mam Dev Patel

RTL

Nodeems de Sire Gauvain dem mysteriéise grénge Ritter an engem Duell de Kapp erofgeschloen huet, steet dëse nees op, hëlt säi Kapp ënnert den Aarm a warnt de Gauvain datt hien an engem Joer zeréck kennt. THE GREEN KNIGHT ass e Fantasy Märchen dat vun der Legend vum Kinnek Arthur inspiréiert ass, mam Dev Patel an der Haaptroll.

CHAOS WALKING vum Doug Liman mam Tom Holland

RTL

An enger noer Zukunft sinn all d’Frae verschwonnen an eng mysteriéis Kraaft suergt dofir datt de Männer hier Gedanken haart ausgeschwat ginn, sou datt jidderee weess wat den aneren denkt. Nodeems eng Fra op der Welt noutlant ass si nawell séier a Liewensgefor, ma de jonken Todd huet sech geschwuer d’Viola ze beschützen. CHAOS WALKING ass eng Adaptatioun vum Science-Fiction Roman vum Patrick Ness dee vum EDGE OF TOMORROW Regisseur Doug Liman realiséiert gouf.

 
ONODA, 10000 NUITS DANS LA JUNGLE vum Arthur Harari mam Yûya Endô

RTL

Um Ënn vum Joer 1944 ass Japan am Gaangen de Krich ze verléieren. Op den Uerder  hin vum mysteriéise Major Taniguchi gëtt de jonken Hiroo Onoda op eng Insel vun de Philippinne geschéckt just éier d’Amerikaner débarkéieren. Hei trainéiert hien am Dschungel eng Handvoll Zaldoten an der Konscht vum sougenannte “Geheime Krich”. Wann fir Japan de Krich geschwënn eriwwer ass, sou wäert en fir den Onoda nach 10000 weider Nuechten undaueren.

RIFKIN’S FESTIVAL vum Woody Allen mam Louis Garrel

RTL

Eng Amerikanesch Koppel déi a Spuenien an der Vakanz ass fält ënnert de Charme vum Filmfestival vu San Sebastian. Wann d’Fra eng Aventure mat engem brillante franséische Realisateur huet, sou geet de Mann hir mat enger Spuenierin friem. RIFKIN’S FESTIVAL ass de néie Film vum ANNIE HALL a MANHATTAN Realisateur Woody Allen.

RTL