Filmreie wéi “The Hunger Games” oder “Divergent” adresséieren sech virun allem un e jugendleche Publikum. Dës Buchadaptatioune waren am Box Office e rise Succès an deemno versicht Hollywood ëmmer nees erëm dat selwecht Erfollegsrezept unzewenden. “Chaos Walking” vum Doug Liman ass esou e Versuch eng néi Kinos-Saga ze starten. Op dëst gelongen ass verréit iech de Loïc Tanson.

07/08/2021 Film vun der Woch: Chaos Walking

INTRO: FILM VUN DER WOCH (am Browser Jingle)

OUTRO: FILM VUN DER WOCH (am Browser Jingle)

Uso:
 
Filmreie wéi “The Hunger Games” oder “Divergent” adresséieren sech virun allem un e jugendleche Publikum. Dës Buchadaptatioune waren am Box Office e rise Succès an deemno versicht Hollywood ëmmer nees erëm dat selwecht Erfollegsrezept unzewenden. “Chaos Walking” vum Doug Liman ass esou e Versuch eng néi Kinos-Saga ze starten. Op dëst gelongen ass verréit iech de Loïc Tanson.
 
Film vun der Woch: Chaos Walking vum Doug Liman

RTL

 
An enger noer Zukunft, op engem neien vum Mënsch koloniséiertem Planéit, lieft eng Communautéit an där d’Fraen ausgestuerwe sinn. Duerch eng onerklärlech Kraaft déi si de "The Noise" nennen, sinn all de Männer hir Gedanken fir jiddereen ze héieren. Nodeems e Raumschëff net weit vun hinnen erofgefall ass, an eng Fra als eenzege Mensch de Crash iwwerlieft huet, gëtt si vun de Männer verfollegt. De jonken Todd wäert awer alles dru setzen fir d’Viola ze beschützen, ma fir d’éischt muss hien seng Gedanken awer ënnert Kontroll kréien.

 
“Chaos Walking” ass um éischte Buch vun enger Trilogie vum Patrick Ness baséiert. Dëse Roman aus dem Joer 2008 mam Titel “The Knive of Never Letting Go”  ass d’Virlag fir dëse Science-Fiction Film deen sech an enger dystopescher Welt ofspillt.
 
De Prinzip vu “Chaos Walking”, dh datt Gedanke vun de Personnagen haart ausgeschwat ginn, ass en Ausgangspunkt deen um Pabeier an an der Literatur sécherlech spannend ass, deen awer vu vir eran dach nawell Anti-Cinematographesch schéngt. Ass déi grouss Leinwand dach net virun allem d’Platz vun de net ausgeschwaten Emotiounen, de Kino net eng Méiglechkeet fir e Spectateur sech an e Personnage eranzefillen ouni alles virgeknat ze kréien. Dat ass an dëser Welt natierlech mat Ausnam vum Personnage vum Viola, deen awer éischter niewesächlech ass, net wierklech méiglech. Ausgenotzt gëtt dës Prämisse déi een och als Fräiheet ka gesinn awer och net wierklech, an dat weder op dramatesch nach op witzeg Manéier.  
 
Regie féiert den Doug Liman, deem seng Filmographie dach nawell ganz ongläich Filmer zielt. Vum immense erfrëschende “Swingers” aus dem Joer 1994 bis zum eischte Volet vun der “Jason Bourne” Saga an dem groussen Erfolleg vum Science Fiction film “The Edge of Tomorrow” huet de Liman ëmmer nees iwwerzeegt. Mat “Jumper” oder “Mr & Mrs Smith” sin him awer deen oder anere Flopp a Faux-pas ennerlaf. “Chaos Walking” gehéiert och éischter zu der leschter Kategorie vu Filmer.
 
Trotz ganz interessanten Usätz ass “Chaos Walking” weder a Punkto Rythmus nach am ausschaffen vu sengen Themen wéi de Verloscht vun der Onschold vum Kand oder de Fonctionnement vun enger Diktatur net wierklech iwwerzeegend. Do kann en iwwermotivéierten "Spider-Man" Acteur Tom Holland an der Haaptroll och näischt drun änneren, genee sou mann wéi de Mads Mikkelsen an der Roll vum Tyrann deen hei och nawell fad bléift.
 
“Chaos Walking” ass liichte Kascht deen a sengen éischte Minutten dach paakend ass ma et verpasst der Originalitéit vu senger Prämisse Gerecht ze ginn.