Dës Woch gëtt et am Kino garantéiert eppes ze laachen mat zwou ganz verschiddenen amerikanesche Komedien. Fir Déierefrënn an Amateuren vu japanesche Filmer lount den Ëmwee sech an d'Kinoen vun Haut un awer och. De Loïc Tanson stellt iech e puer nei Filmer vun dëser Woch fir.

11/08/2021 Nei am Kino

FREE GUY vum Shawn Levy mam Ryan Reynolds

RTL

E Bankemployé deen enges Daags erausfënnt datt hien u sech nëmmen e fiktive Niewepersonnage an engem online Videospill ass wëll onbedéngt seng eege Geschicht schreiwen. FREE GUY ass eng Komedie mam Ryan Reynolds vum NIGHT AT THE MUSEUM Realisateur Shawn Levy.

I CARE A LOT vum J Blakeson ma Rosamund Pike

RTL

Aus dem Beruff vum legalen Tuteur fir eeler Leit déi net méi no sech selwer kucke kennen, huet d’Marla Grayson eng reegelrecht Goldgrouf gemaach. Mat der gutt bezuelter Ënnerstëtzung vun enger Doktesch a vum Direkter vun engem Altersheem séchert si sech d’Erspuertes vu Leit déi si ouni mat der Wimper ze zucken an ouni weidere Grond internéiere léisst.
Nodeems d’Marla awer eng Fra eraleet déi net déi ass fir déi si sech ausgëtt, kritt si et mat engem mysteriéise Mann ze dinn deen aus dem Schied eraus d’Fiedem zitt. Fir hir Interpretatioun vun enger Fra ouni Gewëssen krut d’Rosamunde Pike dëst Joer de Golden Globe vun der beschter Actrice an enger Komedie.

GUNDA vum Viktor Kosakovskiy

RTL

Dësen Dokumentarfilm deen integral am schwaarz-wäiss gedréit ass suivéiert dat alldeeglecht Liewen vun engem Schwäin a sengen Kumpanen um Bauerenhaff, an dat sinn zwou Kéi an en Hong dat nëmmen ee Been huet. GUNDA ass en Dokumentarfilm vum Viktor Kosakovskiy.

TRUE MOTHERS vum Naomi Kawase mam Hiromi Nagasaku

RTL

D’Satoko an hire Mann sinn hiert Liewe laang mam Hikari dei am Alter vu 14 Joer hiren Adoptivjong op d’Welt bruecht huet verbonnen. Haut huet de Bouf 6 Joer, an d’Hikari wëll hire leifleche Jong onbedéngt kënne léieren.  TRUE MOTHERS ass e japaneschen Drama vun der renomméierter a méifach priméierter Realisatrice Naomi Kawase.