Fir hir Interpretatioun vun enger Fra ouni Gewëssen krut d’Actrice Rosamunde Pike dëst Joer de Golden Globe vun der beschter Actrice an enger Komedie. De Film heescht "I Care a Lot", leeft zënter dëser Woch an de Kinoen, an de Loïc Tanson war sech en ukucken.

14/08/2021 Film vun der Woch: I Care a Lot

Film vun der Woch: I Care a Lot vum J. Blakeson

RTL

Aus dem Beruff vum legalen Tuteur fir eeler Leit déi net méi no sech selwer kucke kennen, huet d’Marla Grayson eng reegelrecht Goldgrouf gemaach. Mat der gutt bezuelter Ënnerstëtzung vun enger Doktesch a vum Direkter vun engem Altersheem séchert si sech d’Erspuertes vu Leit déi si ouni mat der Wimper ze zucken an ouni weidere Grond internéiere léisst.Nodeems d’Marla awer eng Fra eraleet déi net déi ass fir déi si sech ausgëtt, kritt si et mat engem mysteriéise Mann ze dinn deen aus dem Schied eraus d’Fiedem zitt.

D’Marla Grayson ass e puere Produkt vum American Dream a vun enger fundamental kapitalistescher Gesellschaft. Mat « I Care a Lot » denoncéiert den Zeenarist a Realisateur J Blakeson dësen amoralesch a gurmangsege System an all déi Leit déi dovunner profitéieren. An dësem Fall ass dat jiddereen. All Personnage an dëser satirescher an iwwerspëtzer Comedie ass vu Grond op schlecht a béis. Trotzdeem, oder grad dowéinst, ass et ëmsou méi genësserlech nozekucken wei een deem anere versicht e Stréch duerch d’Rechnung ze maachen.