No sengem éischte Film, engem Drama mam Titel "DIAMANT NOIR", huet de franséische Realisateur Arthur Harari eng wouer an erstaunlesch Geschicht vun engem japaneschen Zaldot op déi grouss Leinwand bruecht. D'Resultat ass en universellen an zu gläich intimen Epos deen sech matten op enger philippinnescher Insel ofspillt. "ONODA, 10.000 NUITS DANS LA JUNGLE" heescht de Film vun der Woch an de Loïc Tanson war sech dëst Meeschterwierk an de Kino ukucken.

Radio Film vun der Woch ONODA

ONODA, 10.000 NUITS DANS LA JUNGLE vum Arthur Harari

RTL

Um Ënn vum Joer 1944 ass Japan am Gaangen de Krich ze verléieren. Op den Uerder hin vum mysteriéise Major Taniguchi gëtt de jonken Hiroo Onoda op eng Insel vun de Philippinne geschéckt just éier d’Amerikaner débarkéieren. Hei trainéiert hien am Dschungel eng Handvoll un Iwwerliewenden Zaldoten an der Konscht vum sougenannte “Geheime Krich”, eng Zort vu Guerilla Resistenz an där et eng Reegel gëtt, et duerf ee net stierwen. Wa fir Japan an de Recht vun der Welt de Krich geschwënn eriwwer ass, sou wäert en fir den Onoda am Dschungel nach 30 weider Joren undaueren, 10.000 Nuechten an deenen hien ofgeschott vun der Realitéit an der Welt, ni wärt opginn.

Dem Arthur Harari säin 2te Long-Métrage ass a villen Hisiichten en zäitloost Wierk. De Film dauert wuel 2h45, gëtt awer ni ze laang, ni langweileg. Ganz am Géigendeel verléiert de Spectateur genee wéi den Onoda hei d'Notioun vun Zäit. De 40 Joer ale franséische Realisateur Harari daucht den Zuschauer net nëmmen op immens immersiv Manéier an de philippinneschen Dschungel an, ma och an d'Iwwerlëeeungen an an déi komplex d'Gefillswelt vu sengem stueren Haaptpersonnage deen ëmmer wollt Pilot ginn, awer ënnert Héichtenängscht leit, an dee sech geschwuer huet den Erwaardungen vu sengem Land a senger Famill gerecht ze ginn.

"ONODA, 10.000 NUITS DANS LA JUNGLE" ass awer och vu sengen Themen hir ëmsou méi mënschlech an zäitgenëssesch an deem's dësem Zaldot seng konstant Slebstiwwerzeechungsaarbecht dach staark un aktuell komplotistesch Theorien erënnert.

Dem Onoda säin tragescht, deels couragéist, deels obstinéiert an absurd Schicksal gëtt ënnert der präziser a ganz soberer Mise en Scène vum Harari zu engem filmesche Wierk dat wéi aus enger anerer, vergiessener Zäit staamt, an dat dach staark un dem Amerikanesche Cineast John Ford seng Filmer erënnert. Deemno schéngt "ONODA, 10.000 NUITS DANS LA JUNGLE" elo schonn e Filmklassiker ze sinn, dee senges Gläichen an der aktueller Kinoswelt sicht.