Zënter de 1970er Joren, wou de Woody Allen ugefaangen huet Filmer ze maachen,(déi mi Eeler, erënneren sech un "Manhattan" oder "Annie Hall") ass all Joer ouni Ausnam e neie Film vun him erauskomm. Dorun konnt och Corona näischt änneren, an esou ass elo säi lescht Wierk RIFKIN'S FESTIVAL bei ons um groussen Ecran ze gesinn. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

28/07/2021 Film vun der Woch

RIFKIN'S FESTIVAL vum Woody Allen

RTL

Nodeems en an de leschte Joren Stied ewéi New New-York ,Roum, Paräis a Barcelona an Zeen gesat hat, ass de Woody Allen dës Kéier op San Sebastian, an dat spuenescht Baskeland gezunn, an zwar wärend dem Filmfestival. Säin Haaptpersonnage Mort, ass e fréiere Filmprofesser a Kritiker, deen elo an der Pensioun mat sengem éischte Roman kämpft. E begleet, méi oder wéineger fräiwëlleg, seng vill méi jonk Fra, gespillt vum Gina Gershon, déi als PR Agentin, hire Schützling, e jonke franséischen Film Réalisateur, um Festival assistéiert. De Mort soupçonéiert awer schnell, dass seng Fra eng méi enk Relatioun huet mat dësem charmanten a liicht vu sech agehollenen Auteur, dee vum Louis Garrel gespillt gëtt. An en huet wuel Recht ...

Jalousie, a Suergen iwwert den Alter an den Doud beschäftegen de Mort dann esou, dass eng kleng Péng an der Broscht en a Panik zu engem Dokter féiert. Zu sengem Erstaunen, ass den Dokter eng Doktesch, e kloere Perceptiouns Problem vun enger eelerer Generatioun. Prompt verkuckt de Mort sech an di jonk Fra. Wéi e frësch verléiften Teenager, erfënnt e sech nei Boboen fir nei Rendezvousen ze kréien, a wëllt  och nach der Doktesch hëllefen, déi an enger toxescher Relatioun ass mat engem koleereschen Artist stécht. De Mort, gespillt vum Wallace Shawn, ass eendeiteg dem Woody Allen säin Alter Ego, deen de Realisateur mat enger gewësser Autoderisioun als en éischter patheteschen an dephaséierte Personnage beschreift. De Woody Allen selwer gleeft jo och wuel kaum, wéi säi Personnage, dass no de 70 er an 80er Joren , keng gutt Filmer méi gedréint goufen. Matt enger gewësser Nostalgie, dreemen se allerdéngs allebéid vun der grousser Opbrochstëmmung aus där Zäit, besonnesch am europäesche Kino. Virun der Kamera vum Vittorio Storaro dem groussen Chef Operateur ënnert anerem vum Francis Ford Coppola oder Bernardo Bertolucci, entstinn esou  schwaarz /weiss Rekonstitutioun vun emblemateschen Zeenen aus Filmer vum Truffaut, Bunuel oder Bergmann. Als Cinephille ass et e Pleséier dës Zeenen ze identifizéieren, déi am Kontext vun de jeeweilege Reflexiounen vum Haaptpersonnage  opdauchen. Doriwwer verzeit een dem Woody Allen, dass e villäicht fir seng Personnagen hätt kënnen e méi substantielle Plot schreiwen.