Haut lafen eng Réi nei Filmer an de Kinoen un. Dorënner eng erneit Marvel Comic Verfilmung an eng sympathesch franséisch Komedie mam Kad Merad. De Loïc Tanson stellt iech Kinosaktualitéit vun dëer Woch fir.

01/09/2021 Nei am Kino

UN TRIOMPHE vum Emmanuel Courcol mam Kad Merad

RTL

E Schauspiller mat Sueproblemer fënnt en Job an engem Prisong wou hien en Theateratelier animéiert. Begeeschtert vum Talent vun den Amateur Acteuren wëll hien onbedéngt en Theaterstéck op enger richteger Bün mat hinnen opféieren. UN TRIOMPHE mam Kad Merad ass vun enger wouerer Geschicht inspiréiert.  

SHANG-CHI AND THE LEGEND OF THE TEN RINGS vum Destin Daniel Cretton mam Dave Callaham

RTL

SHANG-CHI AND THE LEGEND OF THE TEN RINGS ass d’Geschicht vun engem jonke Superheld deen erausfënnt datt säi Papp ee vun de gréisste Kriminellen op der Welt ass. Wann hien et mat der mysteriéiser Organisatioun vun den Zéng Réng ze dinn kritt muss hien sech mat senger Vergaangenheet ausenanersetzen. Dës Marvel Comic Adaptatioun ass vum Destin Daniel Cretton realiséiert mam Dave Callaham an der Haaptroll.

 
JUST 6.5 vum Saeed Roustayi mam Payman Maadi

RTL

Am Iran gëtt all Drogebesëtzer zum Doud verurteelt an dat egal op et sech ëm 30g oder 50kg handelt. Drogenhändler sonn deemno ouni Skrupel an iwwer 6,5 Millioune Léit sinn Crack ofhängeg. Fir den obstinéierte Polizist Samad gëtt et keng Rou bis hien dat ganzt Drogenetzwierk ee fir alle Mol gesprengt huet. JUST 6.5 ass e spannenden a spektakulären Thriller mam Payman Maadi.

 
WICKIE UND DIE STARKEN MÄNNER : DAS MAGISCHE SCHWERT vum Eric Cazès

RTL

 
An senge néien animéierten Aventure muss de klenge Wickinger Wickie seng Mamm retten déi duerch e magesch Schwäert an eng Statue aus Gold verwandelt gouf. Fir de gevirwëtzte Wickie geet eng spannend Missioun op enger geheimnisvoller a magescher Insel domadder un. WICKIE UND DIE STARKEN MÄNNER : DAS MAGISCHE SCHWERT ass en Animatiounsfilm vum Eric Cazès.