Nom exzellenten independent Film “A Ghost Story” an dem gelongene Remake vum “Pete’s Dragon” mëllt den Texanesche Realisateur David Lowery sech mat engem epesche Märchen zeréck dat vum Kinnek Arthur senger Legend inspiréiert ass. De Loïc Tanson stellt iech de Film vun der Woch fir.

04/09/2021 Film vun der Woch: The Green Knight

Film vun der Woch : The Green Knight vum David Lowery

De Gawain well onbedéngt e renomméierte Ritter sinn. Hien soll seng Geleeënheet och kréien fir säi Courage ze beweisen wann e mysteriéise grénge Ritter hien zu engem Duell opfuerdert.  De Gawain schléit dem Ritter ouni Géigewier kuerzerhand de Kapp erof, ma dei imposant Kreatur steet nees op, hëlt hire Kapp ënnert den Aarm a fuerdert de Gawain op hien an engem Joer opzesichen fir datt de grénge Ritter dann seng Revanche kann huelen. D’Zäit vergeet an de jonke Gawain deen en amoralescht Liewe féiert muss sech op de Wee maachen fir sengem Schicksal an d’Aen ze kucken.

“The Green Knight” ass e fantastescht Märchen dat déi grouss Kinosleinwand vun der éischter bis zur leschter Sekonn verzaubert. Dëse magesche Film ass souwuel poetesch wei actionräich a spektakulär. Dëst Märchen ass grousse Kino an deem déi exzellent Spezialeffekter ëmmer am Déngscht vun der Geschicht stinn.

Dem Realisateur David Lowery ass eng zäitgenëssesch Seeche gelongen déi di albekannte Stereotype vun der männlecher Éier genee wei dem Courage an der Traditioun vun de Ritter a Fro stellt.  Andeems de Lowery de Film a ganz separat Kapitelen ennerdeelt huet gëtt dës fundamental mënschlech Geschicht ëmsou méi villschichteg ouni awer episodenhaft ze ginn.

De Lowery danzt an dësem Märchen konstant wei e Seeldänzer op der Limitt déi d’Realitéit vun der Fantasie trënnt, an eng grandios Aarbecht op der Beliichtung déi sech entweder am Niwwel opléist oder vun der Däischtert agefaangen gëtt dréit zu enger mysteriéiser an hypnotescher Atmosphär bäi. Mam Schauspiller Dev Patel huet de Lowery dann en eenzegaartegt expressivt Gesiicht vrun der Kamera, déi op ganz präzis Manéier all Emotioun vum Acteur afänkt. “The Green Knight” ass grousse Kino, en eenzegaartegt a originaalt Wierk dat déi grouss Leinwand ëmmer nees transzendéiert.