An de néie Filmer vun dëser Woch dréit et sech alles ëm ganz staark Fraepersonnage déi ënnert anerem am franséische Film SERRE-MOI FORT vum Vicky Krieps gespillt ginn. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Kinosfilmer vun dëser Woch fir.

08/09/2021 Nei am Kino

SERRE-MOI FORT vum Matthieu Amalric mam Vicky Krieps

RTL

 
SERRE-MOI FORT ass vun engem Theaterstéck inspiréiert mam Titel JE REVIENS DE LOIN dat vum Claudine Galea am Joer 2003 geschriwwe gouf awer ni opgefouert gouf.  Dëse Melodrama iwwert eng Fra déi spuerlos verschwënnt ass vum Schauspiller Matthieu Amalric realiséiert mat der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps an der Haaptroll.

BENEDETTA vum Paul Verhoeven mam Virginie Efira

RTL

 
Am 17te Joerhonnert, wärend deem d’Pescht sech ëmmer méi verbreet, trëtt dat jonkt Benedetta dem Klouschter vu Pescia an der Toskane bäi. Benedetta wäert d’Liewe vun de Schwësteren awer staark beaflossen well hat d’Fäegkeet huet Wonner ze vollbréngen. BENEDETTA ass de neie Film vum hollännesche Realisateur Paul Verhoeven mam Virginie Efira an der Haaptroll.  
 
 

 
RESPECT vum Liesl Tommy mam Jennifer Hudson

RTL

 
RESPECT ass e Biopic iwwert d’Liewen vun der Museksikon Aretha Franklin. Vun hire jonke Joren am Kiirchechouer bis zum internationale Succès erzielt RESPECT den Opstig vun der Queen of Soul. D’Aretha Franklin gëtt vun der Stëmmgewalteger Jennifer Hudson gespillt.

 
QUEENPINS vum Aron Gaudet, Gita Pullapilly mam Kristen Bell

RTL

 
QUEENPINS ass eng amerikanesch Komedie an där zwou Hausfraen Reduktiounsbonge fälschen fir se a Beschter "Robin Hood" Manéier un déi Léit ze verdeelen déi se drengend brauchen. Hir kriminell Aktivitéit geréit awer séier op de Radar vun zwee skurile Polizisten déi vum Vince Vaughn a vum Paul Walter Hauser gespillt ginn.