2017 huet de Kanadesche Filmrealisateur Denis Villeneuve d’Science-Fiction Saga em de BLADERUNNER nei erfonnt an op spektakulär Manéier fir de groussen Ecran inzenéiert. Zenter dëser Woch leeft dann dem Villeneuve seng Adapatioun vun engem aneren Sci-Fi Klassiker an de Kinoen. Dem Frank Herbert säi Roman DUNE aus dem Joer 1965 gëtt hei d’Virlag fir en epesche Film an e ganz eemolege Blockbuster. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

17092021 Film vun der Woch DUNE (RADIO)

DUNE vum Denis Villeneuve

RTL

Am Joer 10191 ass e Gewürz dat nëmmen um Wüsteplanéit Arrakis ka recoltéiert ginn, déi aller wichtegst natierlech Ressource an ekonomesch Wärung. Dëse Planéit a seng Awunner ginn deemno d’Affer vun interplanetare politesche Machenschaften wann déi nobel Famill Atreidis op Uerder vum Emperor d’Exploitatioun vun Arrakis muss iwwerhuelen. Eng Entscheedung déi der Harkonne Famill an hirer bluddeger Arméi en Dar am A ass. Den Trounnofolger vun den Atreidis, de Paul, ass zënter hir vu mysteriéisen Dreem geplot déi eng düster Zukunft annoncéieren an de jonke Mann deen als nächste Messias gehandelt gëtt, muss seng Angscht iwwerkommen fir sengem Schicksal Gerecht ze ginn.

Dei literaresch Virlag vun DUNE vum Frank Herbert ass vu Natur aus immens Dialoglastesch a lieft vun de fantastesche Beschréiwungen an Erklärungen vu senge komplexen a ganz villschichtege Welten. Deemno ass et emsou mei schwéier dës Welten an hiert Funktionnement op ënnerhalend a subtil Manéier op déi grouss Leinwand ze transposéieren. Genee dës Meeschterleeschtung ass dem Denis Villeneuve awer op grandios Manéier gelongen.

Seng DUNE Verfilmung ass eng verblüffend intergalaktesch Tragedie déi sech souwuel um Fong wei an der Form vun de mëttlerweil dach immens oninspiréierten a faden Hollywood Blockbuster distinguéiert. Dës politesch Parabel gräift universal Themen wei Relioun a Kolonialismus op, genee wei en intim mënschlech Ängschten exploréiert. Ugedriwwen vun enger besiessener Musek déi vum Hans Zimmer signéiert ass, vun epesche Biller an engem grandiose Casting dee vum Rebecca Ferguson a vum Timothée Chalamet ugefouert gëtt ass Dune en eemolegt Kinoserliefnës.

Schued ass awer datt dësen éischte Volet kee richtege Schluss huet, well en an typescher Hollywood Franchise Politik Appetit op seng Suite well maachen déi dëst Wierk dann eréischt ganz vervollstännege wäert.