Nei am Kino dës Woch sinn ënnert anerem eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun mam Titel LE SOMMET DES DIEUX, en Drama mam Matt Damon dee STILLWATER heescht, de François Ozon dirigéiert d'Sophie Marceau am TOUT S'EST BIEN PASSE an am MY SALINGER YEAR dréit alles sech em eng jonk Schrëftstellerin. De Loïc Tanson mat méi Detailer.

22/09/2021 Nei am Kino

LE SOMMET DES DIEUX vum Patrick Imbert

RTL

E japanesche Reporter geet op d’Spueren vun der Geschicht vum Alpinismus, an e verluer gaangene Fotoapparat dee nees opdaucht kéint beweisen datt den George Mallory an den Andrew Irvine den 8te Juni 1924 déi éischt Männer waren déi et bis op d’Spëtzt vum Mount Everest gepackt hunn. LE SOMMET DES DIEUX ass eng Franséisch-Lëtzebuergesch Co-Produktioun déi dëst Joer um Festival vu Cannes virgestallt gouf.

 

STILLWATER vum Tom McCarthy mam Matt Damon

RTL

En amerikanesche Pëtrolsaarbechter muss op Marseille reesen well seng Duechter mat deem hien u sech kee Kontakt huet do am Prisong setzt. Seng Duechter plaidéiert fir hir Onschold an de frieme Papp wäert alles dru setzen fir hat aus dëser mësslecher Situatioun erauszehuelen. A sengem Ënnerhuelen kritt hien d’Ennerstetzung vun enger Fra déi him hëlleft d’Sprooche Barrièren an di kulturell Differenzen z’iwwerbrécken. STILLWATER ass en Drama mam Matt Damon a mam Camille Cottin.

 

MY SALINGER YEAR vum Philippe Falardeau mam Margaret Qualley

RTL

An de 90er Joren gëtt eng jonk Fra déi dovunner dreemt Schrëftstellerin ze ginn, als Assistentin vum mysteriéisen Auteur J.D. Salinger sengem Agent agestallt. MY SALINGER YEAR ass vum Philippe Falardeau realiséiert mam Margaret Qualley an der Haaptroll.

 

TOUT S’EST BIEN PASSE vum François Ozon mam Sophie Marceau

RTL

Matt TOUT S'EST BIEN PASSEE adaptéiert de Realisateur vu SWIMMING POOL a HUIT FEMMES, de François Ozon, den autobiographesche Roman vun der Emanuèle Bernheim. E räichen Industriellen, gespillt vum André Dussolier, deen duerch en AVC physesch diminuéiert ass, stellt eng vu sengen Duechteren un, säin Doud an der Schwäiz z’organiséieren, well d'Euthanasie a Frankräich streng verbueden ass.