Den amerikanesche Realisateur Tom McCarthy hat mam engagéierte Film « Spotlight » an deem eng Affär ëm déi sexuell Mësshandlung vu Kanner déi vun der kathoulescher Kierch ënnert den Teppech gekiert gouf vu Journalisten opgedeckt gëtt direkt 2 Oscare gewonnen. Mat sengem rezente Drama, « Stillwater » zitt et de McCarthy vu Boston op Marseille, an engem Drama an deem et och ëm Gerechtegkeet geet. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

25/09/2021 Film vun der Woch Stillwater

De Bill flitt reegelméisseg aus dem Oklahoma op Marseille fir seng Duechter Allison ze besichen. Déi fréier Austausch Studentin ass wéinst Mord viru 4 Joer zu enger laanger Prisongsstrof verurteelt ginn. De Petrolsaarbechter deen ni eng eng gutt Relatioun mat sengem Meedchen hat, gleeft awer u seng Onschold. Well de Fall awer ofgeschloss ass an trotzdeem nei Elementer opdauchen déi dem Allison seng Onschold beweise kéinten, féiert de Bill seng eegen Enquête an der "Cité phocéenne". Hien kritt op senger Sich d’Ënnerstëtzung vum Virginie, enger lokaler Fra an hirer klenger Duechter, déi him hëllefen déi sproochlech a kulturell Barrièren ze meeschteren.  Den Amerikaner dee seng Fra verluer huet an dee wéit vun Doheem fort ass entdeckt no a no eng nei Welt an där hien sech séier wuel fillt.

“Stillwater” ass eng intim Charakterstudie vun engem stueren Aarbechter deen aus den Déiften vum amerikaneschen Hannerland kënnt an deen a senger hoffnungsloser Enquête fir seng Duechter ze retten schlussendlech säin eegene Fridde fënnt. Op Basis vun engem intelligenten Dréibuch dat zesummen mam “Un Prophète” Zeenarist Thoma Bidegain geschriwwe gouf, vermëscht de Realisateur Tom McCarthy hei op subtil Manéier eng naturalistesch visuell Approche déi sech Zäit hëlt an dem Bill säi Alldag anzedauchen mat enger spannender Intrig.

Faszinéierend Biller vu Marseille déi awer ni drop aus sinn eng Postkaart Staat draus ze maachen leeën d’Fundament vun engem Drama deen net op d’Divergenzen an d’Clichéen tëschent Europa an Amerika insistéiert ma deem et am Géigendeel geléngt Parallellen an de soziale Problematiken ervirzehiewen.

“Stillwater” ass doriwwer eraus e mënschlechen Drama an deem et em Redemptioun geet a wou souwuel de Matt Damon wei d’Camille Cottin hier Personnagen op verblüffend a ganz emouvant Manéier verkierperen.